Juristesch Suitten am Dossier FageCSV mécht schrëftlech Denonciatioun beim Procureur général

Roy Grotz
Eisen Informatiounen mécht de Parquet an dëser Affär eng Enquête op.
© RTL

Den Dossier vum ëmstriddenen a vill diskutéierte Projet vun enger griichescher Jughurtsfabrick kéint och eng juristesch Suite kréien - op d'mannst, wann et der CSV no geet.

RTL Informatiounen no, huet d'Oppositiounspartei eng schrëftlech Denonciatioune bei der Procureur général gemaach.

An deem Schrëftstéck gëtt op Paperjam-Nouvellë verwisen, déi vu fiktive Consultants-Zerwisser geschwat haten, fir déi Fage eng 600.000 Dollar de Mount soll bezuelt hunn.

D'Denonciatioun vun der CSV geschitt op Basis vum Artikel 23 vum Code de procédure pénale, deem no all constituéiert Autoritéit, respektiv all Fonctionnaire gehalen ass, Informatiounen un de Parquet weiderzeginn, wann e méigleche Crime oder Delikt besteet - an dësem Fall wier dëst "Abus de biens sociaux".

Eisen Informatiounen mécht de Parquet an dëser Affär eng Enquête op.

Nach um Donneschdeg war an zwou Chamber-Kommissiounen iwwert den Dossier Fage Rieds gaangen. Trotz den Explikatioune vun de Ministeren Dieschbourg a Fayot haten d'Deputéiert duerno nach vill oppe Froen, sou datt de Projet Fage e Politikum bleift a besonnesch fir d'Regierungsparteie LSAP an Déi Gréng eng Laascht du.

Fage, e Molkerei-Betrib, deen zanter 2012 eng Holding am Land huet, gehéiert zanter Joren en Terrain an der Industriezone Wolser, wou de Staat den Ar fir 20.000 Euro verkaf hat.

Back to Top
CIM LOGO