Vun der Koalitioun dogéint heescht et, datt een de Patientendossier an Zukunft méi benotzerfrëndlech wéilt maachen.

Sécher stellen, datt all Acteur am Gesondheetswiesen Zougrëff op wichteg Informatiounen iwwert e Patient kréie kann, fir e beschtméiglechst Traitement z'erlaben, dat ass d'Zil vum elektronesche Patientendossier, un deem e Joerzéngt geschafft gouf an deen et zanter Januar dëst Joer gëtt. Am Fong eng gutt Saach, esou de breede politesche Konsens, ma bei der Ëmsetzung happert et nawell nach, esou de Constat an den zoustännege Chamberkommissiounen.

DSP é-Stanté / Reportage Fanny Kinsch

Fir den elektronesche Patientendossier an Zukunft méi benotzerfrëndlech ze maachen, soll d'Méiglechkeet geschaf ginn, an enger Agence vun der Gesondheetskeess gehollef ze kréien, dat sot de Mëtten de Sozialminister Romain Schneider bei der Presentatioun vum Bilan vun deem neie Outil. D'Oppositioun an der Chamber hat virdru kritiséiert, et wier quasi onméiglech, zum Beispill de Patientendossier nees zou ze maachen, wann een en iwwerhaapt net wéilt.

De sougenannten Opt-Out-System géif net fonctionéieren, sot am Virfeld den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf.

"Wann et en Opt-Out ass, am klassesche Sënn vum Wuert, da misst och an deem Bréif, deen een zougeschéckt kritt, expressis verbis stoen, datt ee kann Oppositioun maachen. Dat steet awer net esou dran. Et ass relativ komplizéiert formuléiert a wann ee probéiert eranzekommen, ech kenne Kolleegen Deputéierten, déi dat haten, ech hat et och Problemer."

Doduerch wier de Prinzip, datt jidderee kann decidéieren, wat mat sengen Donnéeë geschitt, a Fro gestallt, de Pirat Sven Clement sot sech no der Entrevue mat de Ministere Lenert a Schneider schockéiert.

"Do gesäit ee wierklech, dass den Dateschutz hei wierklech e bësse kuerz kennt, an datt mer hei wierklech vun engem Prinzip ausginn, jiddweree kritt emol en zentrale Gesondheetsdossier an dann, déi déi wierklech motivéiert sinn, dat waren der bis elo 600 aus bal 800.000 Dossieren, déi paken et da vläicht, fir erauszekommen."

An den Ae vun de Pirate misst Datesammelen op Fräiwëllegkeet berouen, dat heescht datt ee muss d'Accord sinn, iert iwwerhaapt en Dossier opgemaach gëtt. De gréngen Deputéierte Marc Hansen huet awer den "Opt-Out"-System verdeedegt. De System kéint nëmme fonctionéieren, wann e groussen Deel vun der Bevëlkerung hir Donnéeën am DSP dran hätt, esou de Marc Hansen.

"Dat heescht, wann een awer, an dat gesäit ee jo, Komplikatioune ginn, fir an den DSP eranzekommen, fir en z'aktivéieren, oder fir ze desaktivéieren, wann een elo op de Wee gaange wier, fir en Opt-in ze maachen, do wäre vläicht vill Leit net onbedéngt eens ginn, fir dat direkt z'aktivéieren."

Déi Komplikatioune kéimen duerch d'Sécherheetsmesuren, esou de Marc Hansen, deen och d'Accord war, datt nach misst un der Benotzerfrëndlechkeet geschafft ginn.

Den LSAP-President vun der Chamber-Gesondheetskommissioun Mars di Bartolomeo sot iwwerdeems, datt d'Ministeren zanter der leschter Kommissiounssëtzung am Januar nach ee Mol Kontakt mat der Dateschutzkommissioun opgeholl an e Gesetzprojet iwwert d'Konservéiere vun den Donnéeë bei der e-Santé ausgeschafft hätten, deen an den nächste Woche géif deponéiert ginn.

Den elektronesche Patientendossier ass een Outil vun der Agence e-Santé, deen den Informatiounsaustausch tëschent de verschiddenen Acteuren am Gesondheetswiesen ze vereinfachen. Zum Beispill sollen d'Spideeler doduerch direkt kënnen erausfannen, wéi eng Virerkrankungen oder Allergien e Patient huet, respektiv ob e wëll Organspender sinn oder net.