Flüchtlinge begleeden a bei der Integratioun hëllefen
De Jesuit Refugee Service (JRS) ass eng kathoulesch Organisatioun, déi mëttlerweil op all Kontinent an an 20 verschidden europäesche Länner aktiv ass.
Fir Mäerz geplangt, mä duerch d'Corona-Pandemie op Mee verréckelt, gëtt et dëse Flüchtlingsdéngscht dann elo och hei am Land. An d'Organisatioun huet scho méi wéi ee Succès ze verbuchen.
Ugefaangen huet alles am Joer 2000. Membere vum Lëtzebuerger CVX - Communauté de Vie Chrétienne - dorënner d'Agnes Rausch, hu sech et zur Missioun gemaach fir Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen, bei der Integratioun ze hëllefen. Sprooch-Coursen, Fräizäit-Aktivitéite mat Mannerjäregen, déi eleng an d'Land kommen, Hëllef bei administrativen Demarchen a Visitten am Centre de rétention, fir just e puer Beispiller ze nennen.
Et huet awer e Changement gebraucht an dofir hu sech dës Benevollen decidéiert, de JRS-Lëtzebuerg als asbl ze grënnen. Dat hätt nëmme Virdeeler, erkläert d'Presidentin Agnes Rausch:
„Also de Virdeel ass ganz kloer, dass mir Benevolle vun der CVX an de Jesuitte gesinn, dass mir ëmmer méi al ginn a wann ech déi JRSen am Ausland gesinn, da gesinn ech do vill Jonker. A mir hunn dann och gesinn, dass et gutt ass, fir wéinstens e puer Haaptamtlecher ze hunn, déi éierenamtlech encadréieren. Mir schaffen elo zanter 25 Joer an hunn eis Aarbecht net dokumentéiert. Mir hunn net déi positiv Beispiller zeréckbehalen, fir déi och notzbar ze maache fir Anerer. Dat si Saachen, déi mer wierklech wëlle verbesseren a mir wëlle wierklech och auswäerten, wat mer maachen. Also ëmmer erëm déi Afrostellung, déi bréngt eng Dynamik eran, déi immens positiv ass.“
Am Ufank koumen d'Flüchtlinge virun allem aus Jugoslawien, dunn aus Syrien, Afghanistan an Eritrea. De jonken Amir ass 2017 aus Eritrea op Lëtzebuerg komm. Hien huet schonn e puer Mol un de Summeraktivitéite vun der CVX Deel geholl an encadréiert mëttlerweil selwer Jonker fir de Jesuiteschen Flüchtlingsdéngscht.
„C'était vraiement difficile avec la langue, avec la culture. Ce n'est pas vite, ça dure. C'est pour cela, petit à petit, je me suis integré et j'ai commencé comme médiateur pour aider les autres de ne pas avoir des difficultés comme moi.“
De Papp vum jonken Daud ass 2007 aus Afghanistan op Lëtzebuerg komm. Eréischt 2009, mat Hëllef vum Benevole Romain Kremer, konnt den Daud an de Rescht vun der Famill dunn nokommen.
„L'immigré qui vient dans un nouveau pays, qui lui est complètement inconnu, il rencontre vraiment énormement de problèmes. Tel était aussi le cas de mon père. En 2007 lorsqu'il voulait faire la demande de regroupement familial. Il a fait face à beaucoup de difficultés. En premier, parce qu'il ne parlait pas aussi bien le français et deuxièmement il ne connait pas les procédures administratives. Monsieur Romain il a du écrire beaucoup de lettres aux administrations et à l'ambassade belge.“
De Romain Kremer huet d'Famill vun Ufank u begleet an ënnerstëtzt.
„Mir haten einfach d'Chance, dass d'Hallschent vum Nopeschhaus einfach eidel stoung an, dass mer dat konnte Flüchtlinge wärend laange Joren zur Verfügung stellen. An elo, wou déi ganz Famill do ass, ass et einfach een herrlecht Zesummeliewen. Elo sinn 2 kleng Kanner nach op d'Welt komm, déi bei eis am Gaart spillen. Also ech ka bal soen, et ass wéi wann eis Famill sech vergréissert hätt duerch si.“
Dat ass just ee Beispill vu villen Accompagnementer, déi d'Jesuiten an d'CVX déi lescht 20 Joer erlieft hunn. An deem Esprit wëll elo och déi nei asbl JSR-Luxembourg, also de Jesuitesche Flüchtlingsdéngscht, an Zukunft viru fueren.