Nei Restriktioune gëlle bis den 31. Dezember, ausser de Couvre-freu, dee bis den 30. November gëllt. Mesurë kéinte schonn e Mëttwochowend a Kraaft trieden.

Wéi et ausgesäit, ass ee méi séier virukomm mat den Demarchen, fir d'Covid-Gesetz z'adaptéieren an déi nei Mesuren afléissen ze loossen. E Mëttwoch de Mëtten um 15 Auer kënnt d'Chamber zesummen, fir iwwert d'Amendementer ofzestëmmen. Dat huet d'Parlament en Dënschdeg iwwert d'Sozial Medien annoncéiert. RTL.lu iwwerdréit de Vott am Livestream.

En Dënschdeg de Mëtteg war déi zoustänneg Kommissioun vum Conseil d'Etat beieneen, fir de Covid-Text ofzeseenen.
Virun der Plenière e Mëttwoch muss dann nach emol déi parlamentaresch Gesondheetskommissioun de Rapport unhuelen, mam Avis vum Staatsrot dran.

Nom Vott an der Plenière kënnt dann de Conseil d'Etat nach emol beieneen, déi Kéier an der Plenière, fir d'Dispens vum zweete Vott ze ginn.

Den Text ass en Vigueur soubal en am Mémorial publizéiert ass, wat eventuell schonn e Mëttwoch den Owend de Fall kéint sinn, soss en Donneschdeg.

Déi nei Mesurë gëlle bis den 31. Dezember 2020, ausser de Couvre-feu, deen elo mol bis Enn November gëlle soll.

© www.chd.lu



E Méindeg den Owend war jo déi parlamentaresch Gesondheetskommissioun beieneen, do goufen déi entspriechend Dispositioune festgehalen. Dono huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Public informéiert, ënner anerem iwwert d'Strofen, wann ee sech net un d'Restriktiounen hält.