Lenert, Cahen a Kersch ginn Explikatiounen iwwert de Gebrauch vu Masken
© AFP/David GANNON
Wéi effikass ass eng Mask aus Kotteng? Wéi heefeg an no wéi laanger Zäit soll ee seng Mask wiesselen? A wéi eng negativ Effekter kann d'Mask hunn?
Ënnert anerem déi Froen huet den ADR-Deputéierte Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro un d'Gesondheets- an d'Familljeministesch an den Aarbechtsminister gestallt. An der gemeinsamer Äntwer sinn déi zoustänneg Ministeren op net manner wéi 16 spezifesch Froen agaangen.
Jo d'Masken aus Kotteng wiere manner effikass wéi déi chirurgesch, mä nach ëmmer besser wéi keng heescht et an der Äntwert.
D'Gesondheetsministesch erënnert och drun, datt et kloer wëssenschaftlech Beleeg ginn, datt d'Unhu vu Masken, gekoppelt mat de Reegele vun der néideger Distanz d'Iwwerdroung vum Virus stoppen. Wat d'Dauer betrëfft, gëtt recommandéiert, d'Mask net méi wéi 4 Stonnen unzehunn a se awer och ze wiesselen, wa se fiicht ass. Et géingen iwwerdeems keng Erkenntnisser driwwer ginn, datt d'Masken zu Problemer mat Bakterien oder Pilze féiere kéinten.
Den ADR-Deputéierte wollt donieft och wëssen, wéi et fir Leit ass, déi kierperlech ustrengend Aarbecht musse leeschten a wärenddeem e Mask mussen unhunn. Den Aarbechtsminister gëtt zou, datt et sécher net agreabel ass, fir musse mat engem Mask ze schaffen, ass awer gläichzäiteg iwwerrascht, datt dat an der Gastronomie, dem Bau an der Educatioun e Problem duerstelle sollt an erënnert drun, datt zanter iwwer 100 Joer Masken am Gesondheetssecteur benotzt ginn. Stonnelaang géifen déi Leit eng Mask unhunn a schwéier kierperlech Aarbecht maachen - do wier awer nach ni ee Problem gesi ginn. Et wier dofir och net virgesinn, datt elo aarbechtsrechtlech Dispositioune spille sollten.
Studien iwwert den Impakt, deen d'Benotze vu Masken op Kanner oder eeler Leit huet, ginn et bis ewell keng heescht et an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro. An dëser gëtt och ënnerstrach, datt et méiglech ass, datt duerch déi aktuell Kris et an Zukunft sozial méi acceptéiert wäert sinn, a verschiddene Fäll an op fräiwëlleger Basis Masken unzehunn. Et wier awer net virgesinn, datt d'Maskeflicht op laang Dauer bäibehale gëtt.