
"De Refus, fir de Memorandum of Understanding ze kommunizéieren, ass justifizéiert, well den MoU net als administratiivt Dokument ze qualifizéieren ass am Sënn vum Gesetz vu September 2018 iwwer eng transparent an oppe Verwaltung a well en, demselwechte Gesetz no, vertraulech Informatiounen enthält."
Esou steet et am Urteel vun e Méindeg vum Tribunal administratif zum sougenannte „Memorandum of Understanding“ tëscht dem Staat, der Gemeng vu Biissen a Google iwwert de geplangten Datazenter vum Internetris. De Mouvement écologique wollt deen MoU kommunizéiert kréien, ma d'Riichter hu säi Recours „net justifizéiert“ erkläert.
Alles hat domat ugefaangen, dass de Mouveco de Wirtschaftsminister am Februar gefrot hat, fir den MoU kommunizéiert ze kréien. De Mouvement écologique hat deselwechten Dag och bei der Gemeng nogefrot, fir dat Dokument ze kréien, a wollt donieft wëssen, wéi et mam Waasserverbrauch wär. D'Gemeng hat net dorop geäntwert, am Géigesaz zum Franz Fayot, deen Ufank Mäerz eng Email geschéckt hat, fir ze soen, dass hien der Demande vum Mouveco net kéint nokommen.
D'Commission d'accès aux documents, déi Enn Mäerz vum Mouvement écologique saiséiert gi war, hat am Mee festgehalen, dass den MoU ze kommunizéiere wär, net awer d'Informatiounen zum Waasserverbrauch. De Minister hat Ufank Juni geschriwwen, dass hien dem Avis vun där Kommissioun net nokomme wéilt. De Mouveco war d'Woch drop dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass den MoU en Accord tëscht dem Staat, der Gemeng vu Biissen a Google duerstellt, deen de generelle Kader setzt vun de Relatiounen tëscht de Signatairen, an dass dat Dokument mat der wirtschaftlecher, industrieller a kommerzieller Politik vum Staat ze dinn huet. Et wär net als Dokument ze betruechten, dat de Stat oder d'Gemeng op Nofro hi kommunizéiere missten, a gewëss Donnéeën am Zesummenhank mam Fonctionnement vum Datazenter hätten net virleie missen, wéi den MoU ënnerschriwwe gouf. Dofir wär et richteg, dass de Staat an d'Gemeng refuséiert hunn, fir den MoU ze kommunizéieren. Den Droit d'accès wär nämlech ausgeschloss, wann en Dokument vertraulech kommerziell an industriell Informatiounen enthält. Därer iwwer z.B. d'Surface vum Site an de Waasserverbrauch kéinten et potenzielle Konkurrenten op d'mannst indirekt erlaben, fir d'kommerziell Strategie vun der Firma, déi sech zu Lëtzebuerg néierloosse wéilt, z'erkennen, an och d'Envergure vum Projet.
Dem Tribunal administratif no wär et legitim, dass sech d'Entreprise dem Verëffentleche vum MoU widdersat hätt, fir d'Vertraulechkeet vu senger kommerzieller Strategie ze schützen; d'Kommunikatioun vum MoU hätt dofir kënne refuséiert ginn. Wat de Waasserverbrauch ugeet, wär net genuch preziséiert ginn, wat fir en Dokument oder wat fir eng Dokumenter sollte kommunizéiert ginn. Den Tribunal géif sech dem Refus vun der Gemeng a vun der Commission d'Accés aux documents dowéinst uschléissen an och déi Demande vum Mouvement écologique zréckweisen.
De Mouvement écologique huet um Mëttwoch de Moien annoncéiert géint dat Urteel an Appell ze goen. D'Ëmweltorganisatioun bleift derbäi, de Memorandum of Understanding iwwert den Datazenter muss public gemaach ginn. D'Gesetz iwwert d'Transparenz beim Staat, ob dat d'Verwaltungsgeriicht säi Verdikt baséiert, hätt Lacunen a misst iwwerschafft ginn, heescht et an engem Communiqué. Allgemeng Interessië missten ëmmer viru kommerziellen Interête stoen. Virun allem dann, wann d'Publikatioun vun enger Informatioun kee reellen Nodeel fir eng Firma huet. A Bierger a Biergerinnen hätten e Recht fir Asiicht an Informatiounen ze kréien, och wa se net ee präziist Dokument benenne kënnen.