
D’ASBL Mieterschutz appelléiert an engem Communiqué un d’Regierung, fir Mesuren ze huelen, fir géint d’Expulsioune vu Leit aus hire Wunnenge virzegoen, an Zäite vun der Covid-Kriis.
Et hätt ee misste feststellen, dass esou Expulsioune leider ëmmer méi opkomm wieren, an an den allermeeschte Fäll wiere sozial-schwaach Famillje concernéiert, déi um fräie Marché immens Problemer hunn, fir eng Wunneng ze fannen.
Dofir ass et den Appell un d’Regierung, dass si sech solle solidaresch weise mat de Schwächsten an eiser Gesellschaft.
Dofir sollen all Form vun Expulsiounen, op d’mannst wärend Pandemie-Zäite verbuede ginn, et soll eng urgent Hëllef fir onbezuelt Loyere méiglech gemaach ginn, donieft sollen Leit, déi sech net drun halen, dass d’Loyere bis den 31. Dezember net däerfe gehéicht ginn, och bestrooft ginn an et sollen zousätzlech Accueils-Capacitéite geschafft ginn, besonnesch fir Familljen, déi op der Strooss sëtzen. An deem Sënn gouf och eng Petitioun vum Mieterschutz lancéiert.