LNS kritt een eegene CT- Scanner
Den CT-Scanner vum CHL huet beim LNS zu Diddeleng en neit Doheem fonnt.
Zanter Mee huet den nationale Laboratoire zu Diddeleng en eegenen CT-Scanner am Gebrauch, deen et de Geriichtsmedezinner erlaabt, op der Plaz selwer eng sougenannt Computertomographie vu Verstuerwenen ze maachen. En Dënschdeg gouf de Scanner am LNS offiziell a Presenz vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Justizministesch Elisabeth Margue ageweit.
Nei ass d’Maschinn awer net, den CT-Scanner gouf nämlech zu Covid-Zäiten am CHL benotzt. Elo kritt en dann een zweet Liewen zu Diddeleng, wéi den Dr Guy Berchem, President vum Verwaltungsrot vum LNS an Directeur médical vum CHL erkläert: "Déi Zäit hu mer e wierklech immens vill gebraucht an där spezifescher Constellatioun. Dono ass en effektiv elo net méi an der Klinik gebraucht ginn an dat huet jo immens gutt gepasst, datt mer dat konnten organiséieren, datt en an den LNS transportéiert gëtt an datt en hei ka benotzt ginn."
De Virdeel: D’Läiche mussen net méi an ee Spidol transportéiert gi fir an den CT-Scanner, wéi dat bis Abrëll de Fall war, mee kënnen elo sur place am Labo gescannt ginn. Dozou de Geriichtsmedezinner aus dem Staatslabo, Thorsten Schwark: "Mit dem eigenen Gerät können wir jetzt alle Verstorbenen tatsächlich vor der Obduktion untersuchen, können die Obduktiounsplanung darauf gründen, eine vollständige Dokumentation des Verstorbenen vor der Obduktion dadurch erlangen, sehen Fremdkörper, können Gase im Körper erkennen, wenn sie da sind."
Déi postmortal Computertomographie ersetzt deemno net d’Autopsie, déi modern Technologie ass ergänzend zu der Obduktioun ze gesinn. An, wéi den Thorsten Schwark ënnersträicht, eng gutt Méiglechkeet, d’Rechtssécherheet ze garantéieren.
Virun allem wann elo alles op enger Plaz ka gemaach ginn, fënnt och d’Justizministesch Elisabeth Margue: "Ech mengen am Sënn vun enger effikasser Opklärung sollen déi Weeër esou kuerz wéi méiglech sinn, fir datt eben näischt méi ka verluer goen ënnerwee, mee d’Geriichtsmedezin ass een Element fir eng effikass Justiz, an dowéinst si mer frou, wa mer kënne mat modernen Technologie schaffen, awer och esou schnell wéi méiglech kënne schaffen."
Am Duerchschnëtt ginn am Grand-Duché 115 bis 140 Obduktiounen d'Joer gemaach. Fir dëst Joer sinn et der bis elo eng 130.