Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, koum et an deene leschte Stonnen op e puer Plazen am Land nees zu Abréch.

En Dënschdeg am Nomëtte war et en Abroch an en Haus an der Haaptstrooss zu Folscht, wou Täter iwwer eng Terrassendier erakoumen, Raim duerchwullt an eng Rei Géigestänn geklaut hunn.

Dee selwechten Dag gouf et owes en Abroch an en Haus zu Mëlleref. Hei waren déi bis ewell onbekannt Täter duerch eng Fënster an d'Haus komm an hu Bijoue geklaut, esou d'Police.

A béide Fäll war d'Spueresécherung sur place an et goufen Enquêtë lancéiert.

Tipps, wéi Dir Iech virun Abréch an Abriecher schütze kënnt, fannt Dir hei.