Zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif
99 pro-palästinensesch Manifestatiounen zu Lëtzebuerg

© François Aulner
Zanter dem 7. Oktober 2023 goufen et hei am Land am Ganzen 99 pro-palästinensesch Manifestatiounen.
Dës waren all am Viraus ugemellt a vun der Police encadréiert. Dat äntwert den Inneministère op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
An der Äntwert gëtt och erkläert, datt sensibel Plaze vun der jüddescher Communautéit reegelméisseg vun der Police iwwerwaacht a kontrolléiert ginn.
Aus Sécherheetsgrënn ginn awer keng Detailer genannt.
Am meeschte gelies