Pressebriefing vu Bettel a LenertNei Mesurë wäerte kommen, wann d'Situatioun sech net verbessert

Monica Camposeo
Mir sinn elo an enger Situatioun, an där mir nach net direkt nei Mesurë mussen huelen, mä wou mir nei Mesurë musse virbereeden, esou de Xavier Bettel.
Méiglech nei Mesuren um Pressebriefing annoncéiert
Nächste Méindeg kéinten nei Mesuren decidéiert ginn, sollt sech d'Situatioun virum Weekend net verbesseren.

Am Regierungsrot wier en Dënschdeg de Moien e Projet de loi ugeholl ginn, deen elo op den Instanzewee geet. De Vott iwwert den Text soll awer net elo sinn. Et wéilt ee sech nach eng Woch Zäit ginn, fir d'Tendenz vun der Verbreedung vum Virus ze analyséieren. Den Ament betount de Premier, dass mir an enger stabiller, wann och ugespaanter Situatioun wieren. Well et keng exponentiell Hausse ass, wier et net néideg, direkt nei Mesuren ze huelen.

Wann déi aktuell Tendenz awer net offlaacht, sollt de Gesetzestext ugangs nächster Woch an der Chamber gestëmmt ginn. Da sollen déi Liewensberäicher uviséiert ginn, wou ee par définition keng Distanz a keng Mask huet. Dat sinn dann den Horesca an de private Beräich. Uviséiert sinn awer och den organiséierte Sport an d’Kultur. Theater, Kinoen an all déi Plazen, wou een eng länger Zäit sëtzt, géingen dann zoumaachen.

Wann decidéiert gëtt, dass den Text ugangs nächster Woch muss gestëmmt ginn, dann géingen och Changementer an de Schoule kommen

Extrait Xavier Bettel

An deem Fall géingen d’Mesuren an der Schoul bis d’Chrëchtvakanz gëllen.

Dës Mesurë goufen der Chamber proposéiert a solle gestëmmt ginn, falls d'Zuelen net erofginn. D'Restriktioune géingen da bis den 15. Dezember gëllen. Esou geet et aus dem Gesetzestext ervir, dee wéi gesot nëmme soll gestëmmt ginn, wann d’Infektiounen net ofhuelen.

Den Text gëtt awer en Dënschdeg deposéiert, fir scho virbereet ze sinn, präziséiert de Premier op Nofro vun de Journalisten hin. Nëmme mam Vott soll gewaart ginn. Et muss een awer och domadder rechnen, dass Amendementer kommen. Den Avis vum Staatsrot misst awer Enn der Woch do sinn, esou dass de Vott nëmmen nach eng Formsaach ass.

Déi nächst Deeg wieren dowéinst decisiv.

De Virus verbreet sech esou séier, dass et net ouni Mesuren a Limitatioune geet. Et wier wichteg, dat elo net ze vergiessen, och wann een ufänkt midd ze ginn, sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert nom Regierungsrot. Et hätt ee virun allem an de leschten Deeg gesinn, dass dach awer eng grouss Unzuel vu Leit schwéier Komplikatioune kënne kréien. Ausserdeem hunn d'Zuele vun den Doudesaffer gewisen, wéi uerg de Virus ka sinn. Dat gëllt et elo ze drosselen an dowéinst misst ee selwer eppes dozou bäidroen, fir dass de Gesondheetssecteur net op seng Limitt kënnt.

D'Situatioun hei am Land steet a fält mam Terrain, dee mir dem Virus bidde fir sech ze verbreeden. Et géing näischt hëllefe Recommandatiounen erauszeginn, wann déi sozial Kontakter awer net erofgefuer ginn. D'Regierung géing aus deem Grond probéieren, fir déi Méiglechkeete vu soziale Kontakter ze limitéieren. Dowéinst eben d'Propos am Gesetzestext, fir den Horesca-Beräich, sou wéi de Sport an d'Kulturhaiser, zou ze maachen.

E Méindeg wëll een da kucken, wéi sech d'Tendenz weist. Hei gëllt d'Zuel vu Neiinfektioune vun maximal 500, déi soll erreecht ginn, fir kënnen op eng weider Baisse ze hoffen. Donieft gëtt och d'Altersstruktur an natierlech d'Belaaschtung am Gesondheetssecteur analyséiert, fir d'Decisioun ze huelen.

Extrait Paulette Lenert

D'Paulette Lenert erënnert, dass et kee Patentrezept gëtt. Ofwaarde wier natierlech e Risiko, ma et géing een awer versichen, esou no un der Entwécklung ze bleiwen wéi et nëmme geet, fir och séier reagéieren ze kënnen. Dowéinst géing de Gesetzestext scho virleien.

Zu de Frontalieren, déi trotz dem Lockdown an hirem jeeweilege Land, op Lëtzebuerg iessen a shoppe kommen, soten de Premier an d'Gesondheetsministesch, dass sech jiddereen un déi aktuell Mesuren halen muss, natierlech och Frontalieren. Par conter misste Bierger aus den Nopeschlänner sech och un d'Regelen, an domadder un de Lockdown an hirem Land halen, deen net virgesäit an engem anere Land dat ze maachen, wat een doheem net dierf.

D'Santésministesch huet och confirméiert, dass en zweete Centre de consultation zu Esch bäikënnt, do wou de Centre de prélèvement ass. Dee gëtt en Dënschdeg den Owend zougemaach an deementspriechend ëmfunktionéiert. Wéi um Kierchbierg, handelt et sech hei ëm eng Struktur, wou Leit mat Symptomer sech ouni Rendez-vous kënne presentéieren.

Briefing Lenert/Bettel / Reportage Monica Camposeo

PDF: D'Reaktioun vun der Adr

Back to Top
CIM LOGO