
Vum 29. November un ass den LNS-Testzenter per Drive-in um Terrain vum Labo accessibel an ass och sonndes op. Et ass deemno méiglech sech vu méindes bis sonndes tëscht 10 a 17 Auer testen ze loossen, mat enger Ordonnance vum Dokter an op Rendez-vous.
Vum 30. November un gëtt och d’Unzuel vun de Rendez-vousen erhéicht, fir bis zu 350 Ofstrécher den Dag kënnen ze maachen.

