
Bei enger breet ugeluechter Consultatioun iwwert e Locatiounsgesetz huet och den Observatoire de l’Habitat den Deputéierten eng Rei Zuelen a Grafike presentéiert. Ee Constat zum Beispill war, dass virun allem zanter den 2000er Joren d’Locatiounspräisser vill méi däitlech geklomme sinn ewéi de Präisindex. Mee wat huelen d’Deputéiert aus dem Debat mat?
Fir de Meris Sehovic vun déi gréng wier ze vill Zäit verluer ginn, ouni konkret Verbesserungen um Gesetz. Hien huet an der Presentatioun näischt Neies konnten eraushéieren a bedauert, dass de Locataire als de schwächsten Acteur um Immobiliemarché net méi géing geschützt ginn. Och dem David Wagner vun déi lénk no wier e Mietendeckel virun den nächste Walen e wichtege Schrëtt.
Eng éischt Propos huet de Minister Claude Meisch an der Sëtzung virgeluecht. Dës gesäit vir, dass tëscht méi alen a méi neie Logementer ënnerscheet gëtt. Bei neien Immobilien, wou den Invest jo virläit, soll eng Formule ausgeschafft ginn, fir festzeleeën, wéi héich de Loyer par rapport zum investéierte Kapital dierft sinn. Bei eelere Wunnenge soll éischter mat engem Kadaster verfuer ginn.
Mat esou engem System deet sech d’ADR allerdéngs schwéier, erkläert d’Parteipresidentin Alexandra Schoos. Et wéilt een éischter um Gesetz, wéi et den Ament ass – also mat de 5% vum investéierte Kapital als Präisdeckel fir de Loyer – festhalen a kucken, dass dat och ëmgesat gëtt. Wéinst dem Schutz vun den Donnéeë wier e Kadaster awer keng Optioun. Eng Mietkommissioun soll der ADR no dann hëllefen, d’Gesetz anzehalen.
Esou eng Kommissioun op nationalem Niveau gesäit och de Ministère vir, virun allem fir d’Locatairen an hire Rechter ze stäerken, esou nach de Minister. Dat géing doriwwer eraus och fir Transparenz suergen.
Fir eng konkret Ännerung um Gesetz, mussen awer fir d’éischt déi néideg Donnéeën erhuewe ginn, fënnt d’Paulette Lenert vun der LSAP. Si bedauert, dass ëmmer nëmme mam affichéierte Locatiounspräis aus den Immobilienannoncë geschafft gëtt. Dowéinst gi forcement just nei Loyerspräisser beuecht, well Kontrakter, déi scho bestinn, sech net doranner erëmfannen. Nëmme mat Zuelen, déi der Realitéit entspriechen, kéint d’Gesetz richteg adaptéiert ginn.
Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach huet awer nach dorunner erënnert, dass e System muss fonnt ginn, deen op der enger Säit d’Locatairë schützt, mee awer op der anerer Säit och den Invest an d’Locatiounswunnengen net bremst. De Locatairë wier nämlech och net gehollef, wann et keng Locatiounswunnenge méi gëtt.
D’Diskussioun iwwer d’Propos, déi vum Logementsminister virgeschloe gouf, gëtt d’nächst Woch weidergefouert.