Dat huet de Mathis Godefroid, President vum Jugendrot e Freideg de Moie bei der Presentatioun iwwert e Rapport vum Benevolat zu Lëtzebuerg betount.

Jugendrot iwwer Benevolat / Reportage Claudia Kollwelter

Et wollt een erausfannen, wie sech zu Lëtzebuerg benevole engagéiert, wéi een d'Associatioune renforcéiere kann a wat d'Besoinë sinn. Nieft Observatiounen huet de Jugendrot awer och Recommandatiounen a Fuerderungen un d'Politik ausgeschafft.

An zwar net manner wéi 28 Stéck. D'Associatioune bräichten dem Jugendrot no zum Beispill méi Ressourcen, fir den Encadrement vu Benevolle kënnen ze garantéieren a se professionell z'encadréieren. Méi Formatioune wieren néideg an d'Associatioune misste méi Visibilitéit kréien, zum Beispill,andeems an de Schoulen de Benevolat promovéiert gëtt. Tëscht Juli an Dezember zejoert huet de Jugendrot Ëmfroe bei ronn 100 Associatiounen an 200 Benevolle gemaach. Dobäi koum ënnert anerem eraus, datt den Alter vu Leit, déi sech engagéieren, vu 17 bis 75 Joer geet. D'Directrice adjointe vum Jugendrot Stéphanie Wies:

"Déi verschidde Secteuren, wou d'Leit sech benevole engagéieren, ass och ganz divers. Mir haten d'Jeunesse, Integratioun, Inclusioun, Aides sociales, Cooperation au développement."

Wann een e Bild vum typesche Benevole zu Lëtzebuerg mole misst, hätt deen tëscht 40 an 53 Joer:

"En huet en Héichschoulofschloss, ass Lëtzebuerger an d'benevole Aktivitéit setze sech aus ganz ënnerschiddlechen Tâchen zesummen, déi wärend der Woch duerchgefouert ginn. Éischter punktuell, mee och laangfristeg."

Dem Sondage no wier d'Sprooch keng Barrière fir e Benevolat kënnen ze maachen. Gesicht gi manner technesch oder akademesch Kompetenzen, mee villméi sougenannte "Soft skills":

"Datt d'Valeuren an d'Prinzippie vun der Associatioun respektéiert ginn. Datt d'Benevollen e gudde Kontakt interpersonel mat de Leit hunn, ee sech op se verloosse kann, se pünktlech sinn. Datt se wëssen Initiativen ze huelen, sech selwer informéieren an och kënnen nolauschteren."

Problematesch wier, datt bal d'Hallschent vun de Befroten uginn hu keen uerdentlechen Encadrement ze hunn. A 40% vun den Associatiounen assuréieren d'Benevollen net fir de Risk vun engem Accident wärend hirer Aktivitéit.

De Jugendrot ass bei der Presentatioun vum Rapport awer och op d'aktuell Pandemie an d'Schwieregkeete fir déi Jonk agaangen. Dem President Mathis Godefroid no missten d'Problemer thematiséiert ginn:

"23-25% Jugendchômage am Moment, Logementspräisser déi net ze bezuelen sinn, an d'mental Gesondheet vun eis Jugendlechen, déi duerch Stress an de permanente Leeschtungsdrock strapazéiert ginn."

Extrait Mathis Godefroid

D'Jugendlecher zu Lëtzebuerg hätte keng adequat Zukunftsperspektiven. De Jugendrot wëll sech dofir an Zukunft zu deene Problemer äusseren an zesumme mat der Politik méiglech Léisunge fannen, fir erëm Perspektiven ze schafen.