D'Awunner aus der Gemeng Stroossen si gebieden, de Moment kee Waasser vum Krunn ze drénken. Et gëtt Perturbatiounen um Reseau.

"D’Qualitéit vum Leitungswaasser entsprécht aktuell net de Normen", schreift d'Gemeng an engem Communiqué.

Dowéinst soll een d'Krunnewaasser zwou Minutte kachen, iert et gedronk oder fir d’Preparatioun vu Liewensmëttele benotzt gëtt.

Zaloten, Uebst oder Geméis sollten am beschten och net mat Krunnewaasser gewäsch ginn.

Weider Informatiounen op strassen.lu