RëmelengFoussgängerin no Accident liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 10 Auer e Méindeg de Moie krut en Automobilist eng Fra an der Rue de l'Usine ze paken.
© Police

D’Fra wollt mat hirem Hond iwwert d’Strooss goen, wéi en Automobilist, deen vu Rëmeleng koum, béid um Zeebrasträifen iwwersinn huet. Hie krut d’Fra ze paken, déi e puer Meter duerch d’Luucht geschleidert gouf. D’Affer huet nach op der Plaz misste reaniméiert ginn, éier si konnt an d’Spidol transportéiert ginn. Leschten Informatioune vun der Police no schwieft si nach ëmmer a Liewensgefor.

Och den Automobilist koum an d’Spidol, well hien ënner Schock stoung. Den Hond gouf bei en Déierendokter bruecht.

D’Strooss huet misste wären den Aarbechte vun de Rettungsekippe gespaart ginn an ass géint 11.45 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng an Esch, de Samu, grad ewéi d’Ambulanze vun Diddeleng a Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO