D’Sprooch promovéieren, se an den Alldag integréieren an fir jiddereen zougänglech maachen - dat sinn d’Haaptziler vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Op enger Pressekonferenz zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch goufen déi nei Publikatioune vum ZLS an déi nei Funktionalitéite vum Lëtzebuerger Online-Dictionnaire, kuerz LOD, presentéiert.
Den Interessi net just un der geschwatener Sprooch, mee och un der Lëtzebuerger Orthographie wier iwwert déi lescht Joren immens geklommen, huet den Educatiounsminister Claude Meisch betount. Do ass den Online-Dictionnaire e wichtegen Outil, deen och dëst Joer weider ausgebaut gouf:
Iwwer 1.600 nei Wierder goufen integréiert, 500 Artikelen ausgebaut. Dat weist, datt mer eng dynamesch Sprooch hunn an och en Dictionnaire sech weider evoluéiere kann an doduerch, datt en online ass, e sech quasi Dag fir Dag kann erweideren.Den LOD zielt an der Moyenne 2.500 Visiteuren pro Dag.
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch bréngt donieft awer och eng ganz Partie Publikatiounen eraus, zum Beispill iwwert d’Verben oder d’Grammaire. Mat de Pärelen vun eiser Sprooch gëtt sech an engem nei Buch beschäftegt, wat dat éischt vun am Ganzen 12 Bänner soll sinn. An do ginn et eng ganz Partie Iddien dofir.
Den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Luc Marteling:Am Kader vum 150. Anniversaire vum Renert 2022 sollen eng Partie Versen aus dem Text vum Michel Rodange erausgegraff a markant Wierder erkläert ginn. Eng weider Publikatioun kéint sech zum Beispill mat Lëtzebuerger Frechheete beschäftegen, sou den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.