Wat ass am Corona-Vaccin eigentlech dran? Wat sinn déi uergsten Niewewierkungen? A wat heescht déi brittesch Mutatioun fir d'Vaccinatioun?

Et waren Dosende Froen iwwert d'Vaccinéieren, déi en Dënschdeg den Owend an engem Online-Webinar vun den Hôpitaux Robert Schuman op den Dësch koumen. Op d'Fro, ob déi Leit, déi sech elo impfe loossen, als Versuchskanéngche kéinten duerchgoe, huet de Spezialist fir Infektiounskrankheeten, den Dr. Gérard Schockmel mat wéineg Versteesdemech reagéiert. Et géif eng conditionnel Zouloossung fir de Vaccin existéieren. Esou Zouloossunge goufen et der 30 Stéck tëscht 2006 an 2016 an Europa. Bis haut gouf keng dovunner zeréckgezunn an dat hätt de Virdeel, datt e Medikament oder Vaccin einfach méi séier verfügbar ass.

Dr. Gérard Schockmel (Extrait 1)

D'Vitess, duerch déi de Vaccin bemol esou séier accessibel ass, hätt vill Facteuren, esou den Dr. Schockmel. Fir d'éischt emol duerch d'Zesummenaarbecht vun den Universitéiten, Industrien a Autoritéiten, wéi et se an där Form weltwäit nach ni gouf.

Dr. Gérard Schockmel (Extrait 2)

Et wier iwwerdeems wichteg, de Rapport vun der WHO vu leschter Woch eescht ze huelen. An dësem indiquéiert d'Weltgesondheetsorganisatioun, datt een och mam Vaccin de Virus nach ka weider droen. Konkret heescht dat, wann de Vaccin net richteg wierkt, wat zum Beispill beim Pfizer-Biontech-Vaccin bei op d'mannst 5% vun de Leit de Fall ass, een de Virus nach ëmmer ka kréien an och iwwerdroen. Et wier dohier wichteg, datt d'Societéit versteet, datt och no der imminenter Impfphas, déi primär Barrièren ewéi den Ofstand, Desinfizéiere vun den Hänn oder d'Maskeflicht mussen erhale bleiwen.