Wat halen d'Leit vun den neie Reegelen an den Akafszenteren?
Déi aktuell Corona-Mesurë wäerten iwwert Feierdeeg net gelackert ginn a ginn op d'mannst bis den 15. Januar verlängert.
Ënnert anerem bleiwe Caféen, Restauranten a Fitnesszenteren zou. An den Akafszentere goufen iwwerdeems d’Mesurë verschäerft. D’Consommatioun vun Iessen an de Grande-Surfacen gouf ënnersot.
De Frank Elsen war um Samschdeg mam Mikro ënnert Leit, fir de Bols ze fillen:
Esou och op der Cloche d’Or. Gedrénks an Iessen, déi eigentlech fir matzehuele geduecht sinn, dierfen net méi op der Plaz consomméiert ginn. Mir wollte wëssen, wat d’Leit dovunner halen.Dësen Akafszenter huet och selwer Mesurë geholl, fir Clienten nach besser ze protegéieren. Nieft Masken, Desinfektiounsmëttel an Informatiounspanneaue gouf och een Persounenzielsystem agefouert, fir d’Unzuel vun de Clienten ze reguléieren. Dëse reegelt den Zougang iwwert een Ecran am Agang. Ass eng maximal Zuel vu Clienten erreecht, mussen d’Leit waarden an de Flux gëtt reguléiert. Eng weider Mesure, déi scho méi laang en place ass, ass, datt sech 1 Persoun op 10 Metercarré ophalen dierf. Mir wollte wëssen, ob sech d’Leit sécher fillen.
D’Regierung hat ënnerstrach, datt Akafe keng Fräizäitbeschäftegung ass. Dowéinst hat se d’Populatioun opgefuerdert, d’Akeef séier ze maachen a wa méiglech eleng Akafen ze goen. Zu deene Recommandatioune waren d’Leit gedeelter Meenung.
Den Akafszenter Cloche d’Or huet 75.000 Quadratmeter.