Bekannterweis ass dës mutéiert Form vum Covid-19-Virus jo méi ustiechend wéi dee bis ewell bekannte Virus. Dohier deelen den Ausseministère, de Ministère vun der Mobilitéit an de Gesondheetsministère an engem gemeinsame Communiqué mat, dass et zäitlech verbueden ass, dass Vollen hei am Land aus Groussbritannien landen. Dëst gëllt vun e Sonndeg Hallefnuecht un, dat fir op d'mannst elo mol 24 Stonnen.
Dëse Schratt ass e preventive Schratt, et misst elo gewaart ginn, bis nei wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwert dës Mutatioun virleien. Eng Instruktioun vum Gesondheetsministère an deem Kader ass scho geschitt. De Mobilitéitsministère huet och Direktioun vun der Aviation civile a Kenntnis gesat, fir dass de Findel déi néideg Mesuren hëlt, fir dëst Verbuet vu Flich aus Groussbritannien ëmzesetzen.
U Passagéier déi e Méindeg, respektiv bannent den nächsten Deeg vum Findel aus op London fléie soll, respektiv zeréck op Lëtzebuerg solle kommen, ass et den Appell vum Findel, sech bei hire respektive Fluchgesellschaften iwwert de Status vum Fluch z'informéieren, iert se op déi respektiv Flughäfe fueren.
Och Zuchverbindunge si betraff. Ob de Schëffsverkéier gestoppt gëtt, steet nach net fest. Hei gëtt un enger Léisung op EU-Niveau geschafft.
Matzen an der ganzer Opreegung gëtt et awer och eng Rei éischter berouegend Noriichten. Impakt op d'Effikassitéit vun den Impfstoffer hätt d'Mutatioun, déi am Süd-Oste vun England festgestallt gouf, keng, sou de Lëtzebuerger Infektiolog Gérard Schockmel. Deen och erkläert, datt d'Mutatioun keen Impakt op de Verlaf vun der Krankheet huet.
"Et gouf eng Souche fonnt, vun där ugeholl gëtt, datt se méi licht iwwerdrobar ass. Kloer ass, eng Souche, déi méi licht iwwerdroe gëtt, wäert sech mat der Zäit ausbreeden an déi aner Souchen, déi net sou effikass sinn, dominéieren. Op där anerer Säit muss een elo mol kucken: Wat heescht dat? 70% méi Transmissioun. Wat si 70%? Wann de Virus zwee Mol sou heefeg géif iwwerdroe ginn, da wier ee bei 200%. A wou kommen déi 70% hier? "
Fir den Infektiolog Gérard Schockmel bleiwen den Ament nach ganz vill Froen ouni Äntwert.
Suspension temporaire des vols passagers en provenance du Royaume-Uni à partir de minuit le 20.12.2020 (20.12.2020)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes / ministère de la Mobilité et des Travaux publics / ministère de la Santé
En Grande Bretagne une nouvelle souche du coronavirus a été détectée. Elle est présentée comme plus contagieuse. Le Luxembourg interdit temporairement les vols passagers en provenance du Royaume-Uni à partir de minuit d'aujourd'hui pour au moins 24 heures, ceci par précaution et dans l'attente de nouvelles connaissances scientifiques concluantes. Une instruction en ce sens a été donnée par le ministère de la Santé. Le ministère de la Mobilité a aussitôt demandé à la Direction de l'aviation civile d'ordonner à Luxairport de prendre les mesures nécessaires pour appliquer cette interdiction d'atterrissage pour les vols passagers en provenance du Royaume-Uni.
E Sonndeg de Moien hat de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith nach gesot, et wéilt een déi nächst Deeg nach op London fléien an et hätt ee bis ewell nach net doriwwer nogeduecht Flich vun oder op London ze annuléieren. Déi lëtzebuergesch Fluchgesellschaft flitt jo 1 bis 2 mol den Dag an déi brittesch Haaptstad.
Zu Lëtzebuerg wär d'Situatioun och anescht, well et hätt ee quasi vun der Reprise u gratis PCR-Tester fir all Passagéier um Luxairport ugebueden. De Gilles Feith fënnt donieft, dass et hëllefräich wier, fir d'PCR-Tester mat Schnelltester ze completéieren. Da wéissten d'Leit och bis de PCR-Test kënnt, ob se de Virus hunn oder net a kéinten dann déi néideg Mesuren huelen.
Et hätt een scho méi dacks vu Mutatiounen héieren, zum Beispill am Summer a Spuenien. Do wären awer ni weider Restriktioune geholl ginn, sou de Luxair Generaldirekter.
An Holland wär och schonn een éischte Fall vun dëser brittescher Mutatioun opgetrueden, souguer schonn Ufank Dezember an dofir goufen e Sonndeg de Moien all d'Flich, déi aus Groussbritannien kommen, viraussiichtlech bis den 1. Januar verbueden. Och an Däitschland préift een den Ament méiglech Mesuren am Fluchverkéier an dat net just fir Vollen aus Groussbritannien, mä och aus Südafrika, wou och eng Mutatioun ënnerwee ass. Et wier eng Optioun déi een ganz seriö géing consideréieren, sou heescht et aus Kreeser vum däitschen Gesondheetsministère.
RTL-News: Nei Variant vu Coronavirus verschäerft d'Situatioun a GroussbritannienRTL-Corona-Liveticker: All weider national an international Updates iwwert de Coronavirus

11 Fäll vu Mutatiounen an der EU WHO fuerdert méi strikt Corona-Mesurë vu Memberlänner