
De Verkaf vum Terrain un de griichesche Jughurtsproduzent Fage ass informell verhandelt ginn. Et ass net gewosst wéi eng Krittären d’Decisioun vum Wirtschaftsministère, ënnert dem LSAP-Minister Etienne Schneider, motivéiert hunn, fir de staatlechen Terrain zu Diddeleng/Beetebuerg ze verkafen, amplaz een Droit de superficie ze ginn. Dat steet am Spezial- Rapport vum Rechnungshaff, deen e Méindeg de Mëtteg verëffentlecht ginn ass.