D'Hëllefe fir den Horesca-Beräich ginn net duer. Dat seet déi am Hierscht gegrënnten Asbl „Don't forget us“ an engem Communiqué.

D'Affekote vun der Associatioun hunn dem Premier Xavier Bettel och e Bréif an deem Sënn geschriwwen. Et gëtt verlaangt, datt d'Situatioun reevaluéiert gëtt, datt Solidaritéits-Verspriechen agehale ginn, datt Diskriminatiounen aus dem Wee geraumt ginn an datt Moossnamen erkläert ginn.

Don't forget us - Reportage Pit Everling

"Mir loosse keen am Reen stoen" hätt d'Regierung gesot, ma fir vill Concernéierter wier dee Prabbeli net grouss genuch.

D'Marges bénéficiares léiche bei ronn 10%, d'Reserve wieren net sou grouss wéi dacks gemengt, d'Hëllefen am éischte Lockdown wieren net all ze héich gewiescht. Resultat: a villen Horesca-Betriber wieren déck Lächer an de Keesen, heescht et vum Affekot vun „dontforgetus“.

Am Hierscht hätt d'EU-Kommissioun den néidege Kader fir Hëllefe geschafen. Leider wier d'Lëtzebuerger Gesetz vum 19. Dezember wéineg ambitiéis par Rapport zu de Recommandatioune vu Bréissel, schreift de Maître Frank Rollinger am Bréif un de Staatsminister Bettel: "Merci, datt dat elo kënnt, ma dat betrëfft d'Méint November 2020 bis Mäerz 2021, woubäi d'Kommissioun d'Méiglechkeet ginn hätt, fir déi réckwierkend op de Mäerz ze applizéieren. Dat ass net geschitt."

Da ginn d'Konditioune fir déi Aiden ze kréie méi héich ugesat wéi dat wat d'Kommissioun als Richtlinn festleet an et gëtt net erkläert firwat. Genee do hätt ee gären Explikatiounen.

Wéi et am Regierungsrot zu dësem finale Gesetztext koum wéisst hien natierlech net, sou den Affekot Fränk Rollinger: "Op där enger Säit wären d'Finanze staark, wat jo géing heeschen, datt ee méi kéint ee maachen. Op der aner Säit wieren déi, déi mengen, datt d'Independante breet Schëllere genuch hätt. D'Horesca géing maache wat se kéint. Den zoustännege Minister hätt Versteesdemech a wier gewëllt eppes ze maachen. Ma dat wat dobäi raus kéim wier net dat."

Et wier op alle Fall falsch fir ze mengen, de Lëtzebuerger Horesca-Beräich wier wéinst den Aidë manner staark impaktéiert wéi deen an aneren europäesche Länner. Hei ginn zum Beispill déi héich Loyeren ernimmt. Verschidde Gemenge kéimen Exploitanten entgéint, anerer Proprietären awer net, wat zu Ongläichheete féiert, heescht et weider. Da wier et och en Iertum fir ze mengen, datt no all Faillite séier en neie Commerçant hannendru stéing fir eppes opzemaachen.

D'Lëtzebuerger Exploitante vu Caféen a Restauranten hätten op ale Fall lo just zwéi Choixen, schreift de Maître Fränk Rollinger a sengem Bréif. Entweder si acceptéieren d'Faillite oder si versichen iwwer de juristesche Wee dem Staat seng Responsabilitéit a punkto Entschiedegungen anzefuerderen: "De Staat hëlt am Intérêt général sanitär Decisiounen. Op där aner Säit huet all Mënsch an och all Betrib e Recht op Aarbecht an op d'Propriétée privée. All déi Saache gi jo hei beschnidden. Dat kann een am Wuel vun der Allgemengheet maachen. Mä da muss ee Mesuren dogéint huele fir dat auszegläichen. Wann een der Meenung ass, datt déi Aiden net héich genuch sinn, da kann een d'Responsabilitéit vum Staat engagéieren."

Wa sech géing rausstellen, datt ënner Zäitdrock ze séier geschoss gi wier, ouni déi néi néideg Dokumenter ze hunn. Dat wier en anere Punkt wou ee kéint usetzen. Natierlech wéisst een net wéi et géing ausgoen, sou eng Situatioun wier nach net do gewiescht, sou nach de Maître Rollinger.