D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëll am Prinzip ee groussen nationale Gesondheetsplang ouni Hierarchië wat d'Krankheeten ugeet.

Allerdéngs gëtt et zu Lëtzebuerg vill ze verbesseren, wat déi psychiatresch Prise en charge vu Patienten ugeet. Dat geet aus enger externer Analys vum Lëtzebuerger Plang fir d'Präventioun géint de Suicide ervir, déi en Dënschdeg de Moie presentéiert gouf. Eng Presentatioun ouni konkret Proposen, mengt den RTL-Journalist Pierre Jans.

Et war nämlech "nëmmen" d'Presentatioun vun der Evolutioun vum nationale Plang fir d'Preventioun géint de Suicide. An anere Wierder: eng extern Berodungsfirma, "Itinere Conseil" vu Lyon, war domat beoptraagt ginn, z'analyséieren, wéi effikass de Lëtzebuerger Staat géint psychesch Krankheeten am Allgemengen a géint de Suicide méi spezifesch virgeet. Haaptconstat: zu Lëtzebuerg gëtt et e Problem bei der psychiatrescher Prise en charge. Leit mat mentale Gesondheetsproblemer missten dacks ze laang waarden. D'Urgencë wären net richteg un d'Besoinen ugepasst bei Leit, déi däischter bis eben och suizidär Gedanken hunn. Dat ass net nei. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert confirméiert.

"Dat ass ee vun de Schwaachpunkten, deen erauskënnt. Dat ass awer och e Problem, dee bekannt ass. Dat ass eng Thematik, där mir eis um Gesondheetsdësch ugeholl hunn. Do ass sécherlech nach Besoin do, fir nozehuelen. Déi mental Gesondheet ass wierklech gläichzestelle mam Recht vun eiser Gesondheet a wann do nach Lücke sinn, da mussen déi gefëllt ginn."

Déi psychesch Gesondheet soll déi selwecht Prioritéit kréien ewéi déi physesch.

"D'Iddi wär, fir dat eben net als e separate Plang ze maachen, mä als Bestanddeel vun engem nationale Santésplang", esou d'Paulette Lenert.

Och d'Deputéiert kruten dës Evaluatioun geschéckt. An der Chamber sollen deemnächst Iddie gesammelt ginn, wéi een och méi effikass géint Suicide virbeuge kann.

Den Zuele vun der Santé no louch de Mortalitéitstaux duerch Selbstmord am Joer 2017 bei 11,1 op 100.000 Awunner. 2018 hate sech zu Lëtzebuerg 58 Mënschen d'Liewe geholl. Zuele fir 2019 an zejoert goufen net presentéiert. Och den eventuellen Impakt vun der Corona-Kris gouf net chiffréiert.

Déi lescht Etüd iwwer d'Gesondheet bei de Schoulkanner, "HBSC"-Etüd, beschäftegt sech mat de Resultater vun enger Enquête am Joer 2014. Schonn deemools hate ronn 15 Prozent vun 12-18 Joer ale Jonke scho seriö iwwert e Selbstmord nogeduecht. D'Schoul gëtt an der aktueller Analysen als e "Secteur à risque" beschriwwen. Grad ewéi d'Entreprisen. Mä och bei der psychiatrescher Behandlunge vun eelere Leit misst ee sech verbesseren, gëtt den Dr. Fränz D'Onghia vun der Prévention suicide ze bedenken:

"Mir sinn net immens gutt am Diagnostik vu psychesche Krankheete bei de Senioren, well d'Symptomer vun der Depressioun oder den Angschtstéierungen dacks bësse gläichgestallt gi mat Symptomer vum Alter."

Et kéint ee villes besser maachen. Allerdéngs scheitert et dacks um Personalmanktem. Och dat ass e Constat aus dëser Evaluatioun. De Plan National de Prévention du Suicide war tëscht 2015 an 2019 opgesat ginn, war elo awer staark an den Hannergrond geréckelt, ewéi dës Ausso vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert wärend dem Webinar en Dënschdeg de Moie weist.

"Ech hat effektiv net elo dee Raum dëst ganzt Joer, fir mech do iwwerall am Detail anzeschaffen."

Allerdéngs géif elo nees méi konkret un Verbesserunge geschafft ginn. Ënnert anerem och un der Tarifikatioun bei de Psychotherapeuten:

"Och déi Aarbechte sinn elo ugelaf. Do komme mir virun. Dat huet eng Zäitche gebraucht. Och do sinn elo d'Verhandlungen am Gaangen."

Déi nächst Wochen a Méint wäerte weisen, ob am Gesondheetsministère nieft der Covid-19-Gestioun och déi mental Gesondheet Opmierksamkeet kritt.

Fuerderung vu Jonke Sozialiste

Déi psychesch Gesondheet misst zu Lëtzebuerg effektiv méi gefërdert ginn, soen och déi Jonk Sozialisten. Ëmmerhin huet eng vun zéng Persounen an der EU mat psychologesche Problemer ze kämpfen. Dat geet aus dem Pacte européen pour la santé mentale et le bien-être ervir.

D'JSL fuerdert dofir, dass virop e gesetzleche Kader geschaaft gëtt, fir d'Remboursement vun de Servicer PsychologInnen an PsychotherapeutInnen.

D'psychiatresch Prise en charge ass e grousse Chantier. Et feelt Personal. An hirem Communiqué schwätze sech déi Jonk Sozialisten dofir aus, dass d'Aarbechtskonditiounen an deem Secteur verbessert ginn an, dass de Loun ugepasst gëtt. Och an de Schoulen an, an den Entreprisë misst der JSL no méi präventiv mam Sujet vun der mentaler Gesondheet ëmgaange ginn.