Wéi aus den neiste Chiffere vum Statec ervirgeet, sinn d'lescht Joer 4.649 Awunner hei am Land verscheet.

Dëst ass deen héchste Chiffer un Doudegen zanter bal 70 Joer, an absolutten Zuele gekuckt, dat heescht par Rapport zum Wuesstem vun der Populatioun, sinn d'Zuele vun de Stierffäll pro Awunner awer permanent erofgaangen. Am Joer, an deem d'Pandemie am Mäerz och zu Lëtzebuerg ukomm ass, sinn awer bal 9% méi Leit gestuerwen, wéi 2019.

D'Stierffäll, déi op de Covid-19-Virus zeréckzeféiere sinn, maache ronn 11% vun allen Doudesursaachen aus, sou de Statec a sengem aktuellsten Bulletin.

Deen Taux geet souguer op 13% erop, wann een d'Joer op d'Period tëscht Mëtt Mäerz an Enn 2020 reduzéiert. Donnéeë vun der Santé no sinn zejoert jo offiziell 501 Persounen un oder mam Covid-19 verscheet.

RTL

© Statec

De Statec huet och d'Moyenne op de Mount gerechent, déi zejoert quasi all Mount, iwwert der Moyenne u Stierffäll par Rapport zu de leschten 2 Joer louch, absënns wouer ass dat fir den November an Dezember, wou d'Moyenne vun de Persounen, déi verscheet sinn, ëm ronn 150 Persoune méi héich war wéi d'Jore virdrun.

Well jo natierlech d'Awunner-Zuel variéiert, muss den Taux vun der Mortalitéit als Indicateur geholl ginn, also d'Zuel vu Stierffäll am Verglach mat der Awunner-Moyenne. Deen Taux läit bei 7,4‰ fir d'Covid-19-Joer, en änlechen Taux gouf et virun 10 Joer.

De Statec huet och d'Surmortalitéit analyséiert. Dës gouf et zejoert wärend 14 Wochen. Vun enger ganz héijer Iwwerstierflechkeet geet fir zwou Wochen Rieds, dat war d'Woch virun Ouschteren am Abrëll zejoert an d'Woch, ier d'Chrëschtvakanz ugaangen ass.

Da kuckt de Statec am Detail, wie verscheet ass, d'Surmortalitéit ass méi héich bei Männer wéi bei Fraen. D'Altersmoyenne vun de Persounen, déi zejoert verscheet sinn, läit bei 80,4 Joer fir d'Fraen a bei 74,1 Joer bei Männer. Dës Altersmoyenne sinn identesch mat de Jore virdrun.