E Méindeg am Nomëtteg géint 16 Auer gouf der Police zu Nidderkäerjeng een Auto gemellt, deen opfälleg gefuer ass.

An der Avenue de Luxembourg hat een Automobilist esou Probleemer, seng Spuer ze halen, datt hien direkt e puermol bal een Accident gebaut huet. Eng Policepatrull huet sech op d'Sich nom gemellte Won gemaach a konnt e kuerz Zäit drop fannen. Si hunn de Won gestoppt an de Chauffer kontrolléiert, woubäi hien däitlech Unzeeche gewisen huet, datt hie wuel ze déif an d'Glas gekuckt hat. Een Alkoholtest huet hien allerdéngs refuséiert, esou datt ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgesprach gouf.

An der Nuecht op en Dënschdeg waren zu Lëtzebuerg dann och net just d'Pompjeeën ënnerwee, fir Waasser aus de Kelleren ze pompelen an d'Héichwaasser anzedämmen. Géint 1 Auer an der Nuecht huet eng Policepatrull zu Diddeleng een Auto op der Place de l‘Hôtel de Ville erbléckst, dee wéinst senger "onsécherer Fuerweis" opgefall ass. Bei enger Kontroll huet de Chauffer dann och däitlech Unzeeche gewisen, alkoholiséiert ze sinn. Een Alkoholtest huet dat dann och confirméiert an hien huet säi Fürerschäi missen ofginn.

Wéi d'Police matdeelt gouf et dann e Méindeg den Owend zu Ettelbréck och nach eng Kontroll, wou ënner anerem de Fokus op Verstéiss géint d'Drogegesetz louch. D'Beamten haten an de puer Fäll dann och mat hirer Sich Erfolleg: et goufe véier Protokoller erstallt an an zwee Fäll hunn déi Betraffen eng Strof misse bezuelen.

Zu Esch gouf dann am spéide Méindegnomëtteg nach ee presuméierten Drogendealer festgeholl. Eng Patrull am Escher Park hat dräi Männer gesinn, déi sech aus dem Stëbs gemaach hunn, wou si d'Beamten erbléckst hunn. Si hunn doropshin decidéiert, d'Männer ze kontrolléieren. Bei zwee vun deenen dräi Verdächtegen hunn d'Polizisten Droge fonnt. Ee vun hinnen hat iwwerdeems och nach Boergeld an zwee Handyen derbäi - Grond genuch, fir eng Hausduerchsuchung. Dobäi goufen nach emol eng Rei Drogen, genee wéi véier weider Handyen an ee Messer séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.