D'Police mellt en Dënschdeg de Moien eng Rei Abréch, déi uechter d'Land geschitt sinn. Net just Haiser a Wunnengen, ma och Autoe goufen opgebrach.

Um spéide Méindeg de Moien hu sech Abriecher Zougang zu engem Haus an der Rue de Weiler-la-Tour zu Haassel verschaaft, wou si all d'Raim duerchwullt an eng Rei Géigestänn matgoe gelooss hunn.

E Méindeg den Owend war et dunn um Tour vun engem Haus an der Wisestrooss zu Helleng, wou een Abriecher éischten Informatiounen no d'Haus duerchwullt huet an ënner anerem Bijoue matgoe gelooss huet. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Och Autoe ware virun de Kriminellen net sécher. An der Nuecht op en Dënschdeg gouf ee Liwwerwon op der Route de Longwy zu Rodange opgebrach an den Täter huet éischten Informatiounen no eng Rei Géigestänn matgoe gelooss. Dat nämmlecht Spill gouf et dann och an de fréie Moiesstonnen an der Rue Pierre Gains zu Nidderkuer. Och an dëse Fäll ermëttelt d'Police.

Wéi ee säin Haus oder seng Wunneng méi abrochsécher mécht, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer. Op wat ee bei sengem Auto besonnesch sollt oppassen, doriwwer kläert d'Police hei op.