Wéi een Impakt huet den TPO-Verbuet op d'Schéinheetssalonen hei am Land?
Zanter dem éischte September däerfe gewëssen Neellacken an der EU net méi benotzt ginn.
Concernéiert si Vernise mat der Substanz TPO, déi dacks an Neellacken ze fanne wier, déi ënnert enger bloer Luucht gedréchent musse ginn. TPO gouf elo an der EU verbueden, well eng Rëtsch gesondheetlech Risiken op dës Substanz zeréckzeféiere wieren, dorënner och een erhéichte Kriibsrisiko. Wéi een Impakt huet dat op d’Instituten hei am Land a wéi hunn déi sech op dës nei Regulatioun preparéiert?
De Besuch am Institut gehéiert fir vill Leit zum Alldag: Fir dass déi schéi faarweg Neel och méi laang halen, gëtt ëmmer méi op Gel oder Semi-Permanent Neellacken zréckgegraff. Déi ginn ënnert enger UV-Luucht gedréchent a genee dofir gouf dacks d'Substanz TPO an der Formulatioun benotzt. TPO gëllt an der EU awer elo als potentiell kriibserreegend a kéint och negativ Auswierkungen op d'Fruchtbarkeet hunn. D'Betounung läit op kéint, well et géif sech hei éischter ëm eng Virsiichtsmoossnam handelen:
Alexa Ballmann, Vizepresidentin Fédération des Artisans: "Et ass eng immens héich Konzentratioun, wou déi Studie gemaach hunn, d’EU ass ëmmer ganz virsiichteg, dass par précaution verbueden elo ginn. Mee an den Neellacke war effektiv just tëschent een a fënnef Prozent. An et muss een och nach dozou soen, dass wann den Neellack am Fong aushäert, manner wéi ee Prozent nach um Nol drop bleift. Also heiansdo just 0,01 Prozent nach iwwerhaapt op der Surface drop bleift, soudass wierklech manner wéi ee Prozent schlussendlech nach op den Neel drop ass."
Zanter leschter Woch däerfen d’Instituten dës Neellacke mat TPO also net méi benotzen a verkafen. Dat heescht och, dass de Stock u Faarwe muss mat TPO-fräie Vernisen ersat ginn, wat fir vill Institute potentiell eng grouss finanziell Laascht ass:
Alexa Ballmann, Vizepresidentin Fédération des Artisans: "Mir brauche jo nëmmen ze rechnen, wann een eng 300 Faarwen huet, an dat geet ganz séier, well d'Clientë wëlle verschidde Choixen hunn, ëmmer verschidde Faarwen hunn, et huet ee Saisonsfaarwen, dat hält sech och eng Zäitchen, dat heescht, et keeft een iwwert all déi Joren e risegrousse Stock an an et kënnt ëmmer derbäi an et sinn ëmmer erëm nei Faarwen an iergendwann eng Kéier kënnt een op e grousse Stock, soen ech zum Beispill vun 300 Faarwen, wann dann een Dëppchen 30 Euro kascht, huet een 9.000 Euro Perte."
D'Decisioun, fir TPO ze verbidden, ass zwar schonn am Mee gefall, mee de Secteur wier net gutt genuch informéiert ginn. Dat hätt och vill vum Fournisseur ofgehaangen, verschidde Marken hate sech scho méi fréi op den TPO-Verbuet preparéiert wéi anerer. Hei an engem Institut um Kierchbierg hat ee Chance an de Stock konnt zanter Mee op TPO-fräi Produiten ëmgestallt ginn:
Cindy Meur, Gérante vun engem Institut um Kierchbierg: "On a commandé un petit peu moins pour liquider les stocks où on avait du TPO présent, à savoir qu 'il n 'y avait que quelques produits avec du TPO. En parallèle, nos fournisseurs ont reformulé leurs produits. Donc au 1er septembre, on était prêts. On a jeté quelques dizaines de produits contenant encore du TPO et on est à jour autant sur les couleurs que sur les produits qui en contenaient."
Vun der Alexa Ballmann ass et iwwregens nach d'Prezisioun, datt d'Fournisseuren obligéiert wieren, Neellacke mat TPO, déi nom 12. Mee verkaaft gi sinn, zréckzehuelen an ze rembourséieren. Fir d'Clienten ännert sech iwwerdeems net vill: TPO-fräi Alternative ginn et der um Marché nämlech genuch.