Iwwer 800 Noutriff sinn an der Nuecht op en Dënschdeg beim CGDIS agaangen, esou de Colonel Tom Barnig.

Bilan Iwwerschwemmunge CGDIS / Reportage Claudia Kollwelter

"Mir sinn nach mat engem bloen Aen dovu komm" sot den Inneminister Léon Gloden en Dënschdeg de Moien um RTL Mikro, nodeems hie sech am Centre national d’incendie et de secours zu Gaasperech e Bild konnt maachen iwwert dat, wat e Méindeg Owend a bis en Dënschdeg de Moien uechtert d'Land geschitt ass. 
 
"400 Asätz, 856 Noutriff, zwielef Leit aus Autoe gerett", zielt de Léon Gloden op. "An dann natierlech eng Rei Iwwerschwemmunge vu Kelleren, e bësse méi eng grouss Iwwerschwemmung zu Beetebuerg an der neier Schoul."
 
Den Inneminister Gloden huet weider betount, datt een de betraffene Buergermeeschteren och op de Wee ginn huet, net ze zécken, sech ze mellen, wann ee weider Hëllef bräicht bei den Opraumaarbechten.

Den Direkter vun der Coordination opérationelle vum CGDIS, de Colonel Tom Barnig, schwätzt vun iwwer 800 Noutriff iwwert d'Nuecht:
 
"Et war virun allem op Plazen, wou de Ree lokal staark erofkomm ass, wou et dann net gutt ofgelaf ass duerch de Gulli oder esou, datt et dann an d'Haiser eragelaf ass, d'Stroossen iwwerschwemmt waren, Objet ewechgeschwemmt goufen, Beem an d'Strooss gefall sinn.Dat heescht eeben esou Asätz, wou eis Ekippe sech da missen drëm këmmeren, fir déi Schied ze behiewen."
 
Et wier ee frou, datt et weider keng Blesséierter gouf. Vun e Méindeg de Moien u wier ee mat MeteoLux an anere Verwaltungen a Kontakt gewiescht.
 
"D'Situatioun gouf reegelméisseg geupdate an et ass normal an esou enger Situatioun, dat natierlech d'Wieder changéiert, deemno wéi och relativ séier. Dat ass, wat een da muss a Kaf huelen. An ech mengen, MeteoLux huet doropshin jo och hir Aläerten adaptéiert, wou se ginn, an d'Situatioun sech ännert, soudatt d'Bevëlkerung engersäits konnt informéiert ginn a mir, an natierlech och déi aner Verwaltungen, sech konnten dorobber adaptéieren an hir Aufgabe meeschteren."
 
Datt den LU-Alerte just eemol erausgaangen ass relativ fréi am Owend an net nach eemol wéi d'Aläerte vun Orange op Rout gewiesselt huet, dozou konnt den Inneminister Gloden net vill soen:
 
"Ech konnt op den Internetportail vun RTL a sou weider och liesen, datt et op Rout eriwwergaangen ass, mir kruten also och déi Info."
 
Den Tom Barnig vum CGDIS betount dann nach, datt et awer weider gëllt, opzepassen, virun allem op de Plazen, wou d'Flëss nach héich stinn.