"Wat ëmmer méi versigelt, wat ëmmer méi gebaut gëtt, hu mer ëmmer méi Problemer"

© Annick Goerens
"'t ass eng Katastroph", soen d'Awunner aus dem Val de Hamm, tëscht der Polvermillen an dem Cents, déi ganz uerg vun dësen Iwwerschwemmunge getraff goufen.
Alleguer weise se mam Fanger op d'Stad Lëtzebuerg, well et net déi éischte Kéier ass, dass hiert Doheem zerstéiert gëtt.
Et sinn Zeenen, déi mer leider hei am Land ëmmer méi dacks gesinn: iwwerall Bulli a Knascht, déi weisen wéi héich d'Waasser hënt geklommen ass. Den Awunner Claude Schockmel erkläert:
"1999 hate mer et fir d'éischte Kéier. Du waren et 80 Zentimeter. 2000 hate mer dräimol 15 Zentimeter an eng Kéier 40 Zentimeter. 2008 ass dunn ee Réckhaltebaseng gebaut ginn. Endlech. Wou d'Gemeng du gesot huet, dass elo ni méi eppes geschéie kéint. 2010 hate mer dunn 1 Meter 30 an dës Kéier hu mer dann elo 1 Meter 80. Wat ëmmer méi versigelt gëtt, wat ëmmer méi gebaut gëtt, hu mer ëmmer méi Problemer."
Beim Claude Schockmel ass net just d'Haus zum gréissten Deel verknascht, ma och d'Material aus senger Entreprise ass zum gréissten Deel vreckt. D'Material, dat hie mam Rick Berg deelt. Béid hunn Entreprisen, déi Servicer ubidden, fir Bünen, Toun a Liicht opzebauen. De Rick Berg:
"RBS an SPLS hunn allebéid hire Sëtz hei. An ech sinn zanter 4 Joer amgaangen. Kafen, kafen, kafen, schaffen, schaffen, schaffen. Opbauen. Mäi Material stoung gréisstendeels ënnen. An ech géing elo mol schätzen, dass 90 Prozent vreckt ass. Dat heescht, alles, fir wat ech elo geschafft hunn déi lescht 4 Joer, ass e bësse fir d'Kaz."
Beim Rosa Dos Reis, déi direkt niewendru wunnt, richt alles ganz streng no Masutt. Hire Mann ass elo zanter 4 Joer dout, mee huet no de leschten Iwwerschwemmungen d'Entrée vun der Garage carrement zougemauert a laanscht all Keller-Fënster eng Mauer gebaut, fir dass nëmme kee Waasser erakënnt. Dat huet leider net gehollef.
"'t ass eng Katastroph. 2010 war et fir d'éischt, mee déi Kéier ass et vill méi schlëmm, well et bis an d'Haus komm ass. Dat hate mir nach net. Net just am Keller, mee och um Rez-de-chaussée. Et ass souvill Schued. Mir hu kee Stroum, keng Heizung. Et richt no Masutt. Alles ass vreckt. D'Tiefküler, alles. Mir hunn näischt méi. Mee d'Gemeng misst eppes maachen. 't ass net déi éischte Kéier a mir hu mol kee Floss hei an der Géigend."
Och de Claude Schockmel ass net ganz frou mat der Stad Lëtzebuerg:
"Scho jorelaang dirängelen ech, ech maache se bal rosen, ech sinn déi ganzen Zäit derhannert, fir dass eppes geschitt an trotzdeem ass nach ëmmer näischt geschitt. Da gëtt gesot: 'jo, de Ministère vum Environnement, dee wëll net dat hei. D'Ponts et Chaussées wëllen awer net dat do.' An en fin de compte gëtt de Projet nach ëmmer just verlängert. A mir hunn nach ëmmer de Schued".
Och op d'Assurancë wier kee Verlooss. "Fir alles huet een eng Assurance, mee just fir dat, wat geschitt, ass dann awer keng do", bedauert de Claude Schockmel, dee wéi gesot elo scho fir d'Xte-Kéier betraff ass. D'Haus verkafen ass och keng Optioun, bedauert d'Rosa Dos Reis. Wie wëll da schonn een Haus, wou et ëmmer Iwwerschwemmunge gëtt?
E ganze Reportage iwwer d'Iwwerschwemmunge gëtt et den Owend bei eise Kolleegen op der Télé.
Suivéiert déi weider Entwécklunge vun der Situatioun an eisem Liveticker.