Indigeen Delegatioun fuerdert méi Asaz

Véier Vertrieder vun den indigeene Vëlker aus Brasilien hu wärend hirer Europatour och hei am Land Halt gemaach.
Net wéi vun hei - hunn déi véier Vertrieder vun den indigeene Vëlker aus Brasilien gewierkt. Fiederschmuck um Kapp, Ketten ëm den Hals, Faarf am Gesiicht. Mat Rëselen a Gesang hu se e klengt Ritual virun der Chamber duerchgefouert. Wärend hirer Tour duerch Europa, fir iwwert d’Zerstéierung vum Reebësch ze sensibiliséieren an z’informéieren, hu si och hei am Land gestoppt.
"Mir hate scho Rencontere mat Europa-Deputéierten a mir biede se, net den Handelsaccord EU-Mercosur ze ratifizéieren", betount d’Luana Kaingag vun der Delegatioun. Dësen Traité géing nämlech nach vill méi Méiglechkeete fir Exploitatioun bidden. Et géing een domat d’Ofholzung vum Reebësch weider virundreiwen, mengt och d’Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg. Concernéiert wieren an éischter Linn déi indigeen Vëlker, wëll hiren Territoire géing genotzt ginn, fir illegal Soja unzebauen oder Ranner ze ziichten. Doriwwer eraus wiere si staark vun der Pollutioun mat Pestizide concernéiert. "De Lobbying vun de groussen Agrar-Multinationalen ass immens, an zerstéiert quasi hir Liewensgrondlagen", mierkt d’Martina Holbach un. D’Rechter vun dëse Vëlker géinge systematesch geschwächt ginn. "Am brasilianesche Kongress gi grad Gesetzer gestëmmt, déi eis fundamental Rechter a Fro stellen", seet d’Luana Kaingag.
Greenpeace Lëtzebuerg fäert, dass all weider Zäit, wou d’EU-Reglement géint d’Ofholzung vum Reebësch net a Kraaft triet, dëst weider verwässert gëtt. Dofir missten d’Länner sech d’Moyene ginn, fir den Import vu Produiten, déi vun ofgeholzte Surfacë kommen, ze stoppen. "Mir appelléieren un d’Lëtzebuerger Regierung, eng Positioun anzehuelen, déi d’Ofholzung konsequent stoppt. Déi dem Mercosur-Ofkommes net zoustëmmt a sech dofir asetzt, dass d’europäescht Ofholzungsreglement wéi geplangt a Kraaft triede kann", betount d’Matina Holbach.
D’Roll vu Lëtzebuerg ass net einfach ze bestëmmen
Fir d’Roll vun den eenzele Länner ze bestëmmen, wier dann net einfach. D’EU-Kommissioun hätt nämlech decidéiert, den Handelsvolet vum EU-Mercosur-Ofkommes ofzesplécken. Dëst bedeit, dass national Parlamenter net dozou wäerte gefrot ginn. "Mir fannen dat extrem ondemokratesch", sou d’Vertriederin vu Greenpeace. Dofir appelléiert een, dass d’Parteien hei am Land den Debat an der Chamber an an de Kommissioune solle lancéieren.
Greenpeace wier net géint den Handel. Mee et misst en Handel sinn, bei deem d’Liewensgrondlage protegéiert ginn. "Wat nëtzt eis en Handelsofkommes, wa mer ee vun eise wichtegste Gebidder op der Welt verléieren", freet d’Martina Holbach. D’Handelspolitik misst am Aklang mat de globale Grenze sinn. Soss géing eis déi bescht Handelspolitik fréier oder spéider an eng Sakgaass bréngen. "Mir kënnen Echangen an der Technologie maachen. Där hu mer och a Brasilien. Et muss net alles iwwert d’Zerstéierung vun der Ëmwelt goen", betount d’Luana Kaingag. Partenariater an der Recherche wiere fir si dann och denkbar.
D’Martina Holbach weist dann och nach drop hin, dass de Schutz vum Amazonas net just fir déi indigeen Vëlker wichteg wier, mee och fir eis an Europa. "Wann den Amazonas zerstéiert gëtt, wäert dat och Repercussioune bei eis hei hunn", sou d’Mataarbechterin vu Greenpeace. Elo scho wiere 17 Prozent vum Reebësch futti. Bei 20 Prozent wier e Kipp-Punkt erreecht, bei deem de Reebësch sech net méi kéint regeneréieren an deemno net méi kéint seng Funktioun fir d’Reguléierung vum Klima erfëllen. An esou ass da Brasilien bemol guer net méi esou wäit ewech.