Positivitéitstaux am LST bei 0.3%Infektiounszuele bannent enger Woch ëm 14 Prozent geklommen

Pierre Weimerskirch
An der Woch vum 1. bis de 7. Februar goufen 1.140 Persoune positiv getest, an der Woch virdru waren et 999, dat ass e Plus vu 14 Prozent.

An der Moyenne op d’Woch gekuckt hu sech 163 Persounen den Dag infizéiert. 13 Mënsche sinn d’lescht Woch un de Suitte vun enger Sars-CoV2-Infektioun gestuerwen.

Large Scale Testing

De Positivitéitstaux am Large Scale Testing ass déi zweet Woch hannereneen nees liicht zréckgaangen op elo 0.3 Prozent, an der Woch vum 25. bis 31. Januar louch den Taux bei 0.37 Prozent.

Impfungen

Knapp 14.000 Persoune goufe bis ewell zu Lëtzebuerg geimpft. 10.252 Persoune kruten eng éischt Dosis; 3.688 krute mëttlerweil eng 2 Impfdosissen.

Back to Top
CIM LOGO