Den Educatiounsminister huet e Freideg de Moien déi nei Mesuren annoncéiert, déi no der Fuesvakanz a Kraaft trieden.

D'Schoule ginn no der Fuesvakanz, den 22. Februar erëm all op, mä mat verschäerfte sanitäre Mesuren. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz eis Informatioune confirméiert an Erklärungen dozou ginn.

Nei Mesuren an der Schoul - Reportage Claudia Kollwelter

De Virus wier virun allem bei de Jonken an an de Schoulen present, dat hätten d'Chiffere confirméiert, an dorops misst ee reagéieren, huet de Claude Meisch betount. Et hätten donieft och vill méi Clustere ginn an deenen déi brittesch Variant vum Virus massiv present wier. All dat féiert dozou, datt d'Schoule just ënner verstäerkte sanitäre Mesuren kéinten opgoen. Heescht: Vum 22. Februar u gëllt iwwerall eng Maskeflicht an de Schoulen an och Maison relaisen, an dat vum Cycle 2 un.

De Claude Meisch

Donieft soll méi, an och méi dacks getest ginn. Vu Mëtt Mäerz u sollen och Schnelltester an den Asaz kommen. No der Fuesvakanz dierf een dann och just nach mat engem negativen Test aus der Quarantän zeréck an d'Schoul.

Dem Claude Meisch no misst een awer och d'Méiglechkeet hu flexibel a punktuell ze reagéieren, wann de Virus a verschiddene Schoulen méi present gëtt. Da kéinten zum Beispill op 6ème a 5ème och A/B-Gruppen agesat ginn. E weidere Modell gesäit vir, datt just Moies Presenzunterrecht ass a Mëttes Homeschooling.

Et wier wichteg, datt sech elo mol op déi essentiell Contenue fokusséiert gëtt. Nieft der Prioritéit d'Schoulen opzehalen, wier awer och d'Wuelbefanne vun de Kanner extrem wichteg. Dofir den Appell vum Educatiounsminister un d'Enseignanten aus der Grondschoul d'Gespréich mat den Elteren ze sichen, fir och driwwer ze schwätzen, wéi et de Kanner geet. An de Lycéeë sollen d'Regenten individuell Gespréicher mat de Schüler féieren.

Jee nodeem wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt, kéint virun an och no der Ouschtervakanz jeeweils 1 Woch op Homeschooling zeréckgegraff ginn, huet den Educatiounsminister nach präziséiert.

Politesch Reaktiounen

"Et gëtt net präventiv genuch gehandelt", dat seet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen als Reaktioun op d'Annonce vum Educatiounsminister e Freideg de Mëtteg. De Stufemodell begréisst déi gréissten Oppositiounspartei, net awer de Faite, datt deen eréischt agesat gëtt, wann de Virus sech bis méi verbreet. An den Ae vun der CSV-Deputéiert géif de Claude Meisch reagéieren, mee net agéieren:

"Mir hätte gär méi strikt Reegelen am Transport, d'A-B-Modeller och am Cycle inférieur, eng strikt Trennung vun de Kanner a Maison-relaisen net eréischt, wa méi Fäll do wieren. An all dat hätt misse mat Zäit preparéiert ginn."

D'Martine Hansen huet och kritiséiert datt een nach ëmmer keen konkret Konzept fir den Homeschooling hätt. Fir de Fred Keup vun der ADR ass d'Maskeflicht vum Cycle 2 un, an och an de Maison relaisen, eng Mesure déi ze radikal ass:

"Déi Kanner, dat gëtt et jo och leider, déi vu 7 bis 7 an de Strukturen sinn, déi missten dann de ganzen Dag, mat 6, 7, 8 Joer eng Mask unhunn. Do stëllen ech mer d'Fro, ob dat de Kanner ze gutt kënnt. Och well d'Raimlechkeeten et jo och oft erlaben, eng gewëssen Distanz am Klassesall ze halen, sou datt genuch Plaz do wier, datt d'Kanner ausernee sëtzen an wa se roueg schaffen, kéinten ouni Mask do sëtzen."

De Marc Goergen vun de Piraten ass positiv agestallt par Rapport zu der Maskeflicht, mengt awer, datt de Ministère misst virginn, wéi eng Masken d'Kanner an d'Léierpersonal mussen undoen. E Problem gesinn d'Piraten dann nach, wat d'Stouss-Lëften ugeet. Do géifen et Fäll ginn, wou dat nach ëmmer net méiglech wier, well Fënsteren zougespaart wieren. Dem Marc Goergen no dierften déi Säll net genotzt ginn. Wat d'Ausser-schoulesch Aktivitéiten ugeet, wier et wichteg, datt wann d'Jugendhaiser zou bleiwen, d'Streetworker awer am Asaz dierfe sinn:

"D'Sécherheetsvirfäll an d'Problemer dobaussen hale jo net op. Och wann den Accueil fir déi Jonk zou ass an de Jugendhaiser, missten d'Streetworker hirer Aarbecht an der frëscher Loft kënnen nogoen a sech ëm déi Jonk këmmeren."

Déi 3 Deputéiert waren sech awer eens, datt et wichteg wier, datt d'Schoule souwäit wéi méiglech op bleiwen.

D'ADR gesäit d'Maskeflicht, déi jo vum Cycle 2 gëllt als eng ze radikal Mesure. Virun allem an de Maison-relaisen, wou verschidde Kanner de ganzen Dag verbréngen, kéint een dem Fred Keup no och dofir suergen, datt déi néideg Distanze gehale ginn.

Reaktiounen aus dem Secteur

Reaktiounen op d'Annonce vum Claude Meisch
Den Educatiounsminister huet e Freideg de Moien déi nei Mesuren annoncéiert, déi no der Fuesvakanz a Kraaft trieden.

D'Enseignantsgewerkschafte sinn alleguer frou, datt d'Schoul no der Fuesvakanz erëm opgeet.
De Patrick Remakel vum SNE betount, datt d'Sécherheet vun der Schoulpopulatioun muss am Mëttelpunkt stoen. De Minister géif zum Deel elo Moossnamen ëmsetzen, déi d'Gewerschafte schonn am Summer respektiv am Hierscht virgeschloe hunn.

"Vun Ufank un hu mir eng Rei Mesurë virgeschloen, mir hunn ëmmer gesot, datt mer ganz vill Mesurë mussen huelen. Nëmme mat vill Mesurë kënne mer evitéieren, datt de Virus sech an der Schoul verbreet. Mir hate vun Ufank u gesot, datt mer FFP2-Masken fir d'Enseignante brauchen. Dat ass elo geschitt, mir brauchen der natierlech nach vill vill méi. Mir hunn och CO2-Ampele gefuerdert, och dat ass elo endlech komm. Et sinn awer nach aner Saachen, wou de Minister nach ëmmer net wëll op de Wee goen. Zum Beispill soe mir, mir bräichte Luftraumreiniger, et ginn eng Rei Länner, wou dat an de Schoulen de Fall ass, an dann Apparater, fir d'Féiwer ze moossen."

Och den SEW begréisst et, datt d'Schoul erëm opgeet, dat wier de Wonsch vu jidderengem gewiescht. De President Patrick Arendt seet, et géing een allerdéngs e Plang vermëssen. E kloert Konzept fir de Fall, datt d'Schoulen nach eng Kéier mussen zou gemaach ginn.

Et hätt ee bëssen d'Gefill, datt de Ministère drop waart, datt d'Kris endlech eriwwer wier an da géif een normal viru fueren. Dat géing awer definitiv net goen.

De Patrick Arendt ënnersträicht datt et de Kanner schlecht geet an datt se Hëllef brauchen.

"An de Schoule selwer mussen do Leit kommen, déi de Kanner kënnen hëllefen. Do geet et awer deelweis iwwert d'Kompetenze vun den Enseignanten eraus an dat muss och sou séier wéi méiglech alles an d'Weeër geleet ginn.  Mir hunn elo ee Joer ëm an eigentlech feelt eis nach ëmmer e ganz konkrete Plang. Et schéngt esou, wéi wann de Minister Meisch elo erkannt hätt, wou d'Problemer leien. Elo geet et drëm, datt séier an effikass do eppes geschitt."

D'Feduse begréisst, datt de Fokus op déi emotional Situatioun vun de Schüler geluecht ginn ass, och hien zeechent en däischtert Bild vun der mentaler Gesondheet, vun deene Jonken awer och deenen Erwuessenen.

"Et mierkt ee wierklech, datt elo scho fir Chrëschtdag en Drockpeegel areecht war, deen ee soss eigentlech eréischt um Enn vum Schouljoer spiert. Natierlech déi Ongewëssheet belaascht d'Kanner esou gutt, wéi all déi Erwuessen, d'Elteren, d'Enseignanten, well een eben net weess, wou et soll higoen an de'Kanner si warscheinlech déi allermannsten, déi iwwer Verbalisatioun en Iwwerdrockventil opbauen. "

Fir den Alain Massen, de President vun der nationaler Elterevertriedung, sinn déi obligatoresch Masken am Fondamental eng Katastrophe. Och hie confirméiert awer d'Bild vun der schwiereger mentaler Situatioun.
Hie seet, als Psychotherapeut géif hien all Dag Leit gesinn, déi net méi mat der Situatioun eens ginn.

Wat d'Kanner betrëfft betount hien, datt si aktiv misste gehollef kréien.
"Op jidder Fall muss et esou sinn, datt d'Personal op d'Schüler zougeet. Et kann een net erwaarden, datt e Schüler, deem et net esou gutt geet, deen e bësse méi roueg gëtt, datt dee vu sech aus d'Demarche mécht fir bei de Psycholog aus der Schoul ze goen. Schonn eleng well en och net well stigmatiséiert ginn, dass hien do eventuell e Problem hätt. dat heescht et ass immens wichteg, datt do Personal do ass oder eng Sensibilitéit do ass, fir op d'Schüler zouzegoen an de Kontakt ze sichen. De Kontakt mat den Elteren ze sichen, fir dat e Maximum opzefänken. "

Och d'Conférence nationale des élèves hofft, datt déi mental Gesondheet weider an Vitrinne gestallt gëtt. Hire President, de Kimon Leners.

"Et huet sech elo mëttlerweil dozou entwéckelt, datt en an de Virdergrond komm ass. Mir mengen awer, dass dat bei wäitem net duer geet. Mir soen schonn zënter dem Ufank vum Schouljoer, datt déi mental Gesondheet e grousse Problem wäert sinn. Mir si frou, dass se elo endlech gemierkt hunn, datt just d'Spëtzt vum Äisbierg entdeckt ass an nach e risegroussen Äisbierg hannendrun hänkt. Mir hoffen, datt se do nach vill méi wäerten drop agoen a mat qualifizéierten Personal un déi Saach eruginn. An zweeter Linn hoffe mer, datt se net nëmmen elo de Standpunkt kucken, mä och un d'Zukunft denken. Mir hu schonn d'lescht Joer am Ufank vun der Pandemie gesot, dass mer net nëmmen däerfen un d'Ofschlossklassen denken, mä och un déi zukünfteg Ofschlossklassen. "

Esouwäit also d'Reaktiounen op d'Annoncen vum Educatiounsminister. De Claude Meisch ass e Samschdeg um 12 Auer och eisen Invité am Background.