Frontalier a Corona-ZäitenZoue Grenze maachen d'Schaffe schwéier an och den Homeoffice huet Nodeeler

RTL Lëtzebuerg
All Dag pendele méi ewéi 200.000 Mënschen aus der Belsch, Däitschland a Frankräich op Lëtzebuerg, fir ze schaffen.
Portrait vun engem Frontalier
D'Coronazäit mécht d'Schaffen an engem anere Land méi schwéier a méi komplizéiert.

Déi lëtzebuergesch Wirtschaft ass dann och op déi auslännesch Frontalieren ugewisen. Een vun hinnen ass den Harold Linke vun Tréier. Ënnert anerem ass hien op Defise vun de Frontaliere wärend der Corona-Pandemie agaangen an huet d’Vir-an Nodeeler vum Homeoffice erkläert.

Zënter 16 Joer schafft hien als Ingenieur an engem Betrib zu Mamer, ënnert anerem geréiert hie Fuerschungsprojeten. Zejoert am Fréijoer goufen et wärend enger laanger Zäit Grenzkontrollen op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz. Dat Ganzt war fir den Harold Linke awer manner eng Belaaschtung.

D’däitsch-Lëtzebuerger Grenz gouf Mëtt Mee zejoert no staarker Kritik nees opgemaach. Zënter Méint schaffen dann och vill Salariéen aus dem Betrib vum Harold Linke deels am Homeoffice, wat seng Vir- an Nodeeler huet.

An Däitschland gëtt et ewell eng Testflicht fir tschechesch Frontalieren. Dës mussen zweemol d’Woch een negativen Corona-Test maachen. Aktuell gëtt et keng Testflicht fir däitsch Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, wat fir den Harold Linke positiv ass. Weider fuerdert hien, datt an Zukunft d'Grenzen opbleiwen. Fir hie wieren zoue Grenzen net déi richteg Léisung, fir d'Corona-Pandemie anzedämmen.

 

Back to Top
CIM LOGO