Am Juli 2018 hunn d'Stroossebauoarbechte vum neie Quartier mam Numm "Elmen" ugefaangen.
Tëscht Kielen an Ollem entsteet dësen. 6 bis 7 Joer dauert déi éischte Bauphas. An där Zäit entstinn eng 386 Wunnengen. D'Hallschent sinn Eefamilljenhaiser, de Rescht ginn Appartementer. Vun den Appartementer geet d'Hallschent an d'Locatioun. éei aner gi verkaf. Um Site lafen d'Aarbechten op Volltouren.
Spéider steet hei eng Grondschoul, e Supermarché an eng Crèche. D'Haiser hu maximal 2 Stäck. En Appartement net méi ewéi 3.
En ekologesche Quartier soll et ginn. Dohier gëtt och vill mat Holz geschafft.
Mëtt 2022 wäerten déi éischt Leit am Quartier "Elmen" wunnen. De Metercarré Präis fir en Appartement läit bei 4.000 Euro. En Eefamilljenhaus kascht an dëser 1.Phas tëscht 460 a 550.000 Euro. Autofräi soll de Quartier spéider sinn. Dofir entstinn op zentrale Plaze Parkhaiser.
An de Genoss vun enger Wunneng zu Elmen komme Leit, déi nach keen eegent Haus oder Appartement hunn. En Haus huet ronn 140 Quadratmeter a 4 Kummeren. 2 bis 3 Kummeren huet en Appartement.
Den 30.Mäerz ass eng Informatiounsversammlung fir interesséiert Bierger a Biergerinnen. Elmen ass spéider en Duerf, dat zur Uertschaft Ollem gehéiert.