4.453 Dossiere vun Tutelle oder Curatelle louchen Enn vum leschte Joer de Geriichter vir.

Dohannert stécht vill Aarbecht an d'Justizministesch Sam Tanson sot en Dënschdeg an der Chamber, et géing een deem am Budget Rechnung droen. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana huet gefrot, ob nach ëmmer virgesinn ass, d'Gesetz, mat deem Curatelle an Tutelle gereegelt ginn, reforméiert gëtt.

D'Tutelle, Curatelle oder Schutzmesurë ginn duerch d'Gesetz vun 1982 iwwert d'Recht vun den „incapabele Volljärege" gereegelt. Dat wier net méi zäitgeméiss, sou den Dan Biancalana.

„Natierlech well mir nach ëmmer legiferéieren, mee et ass e bëssen eng méi komplizéiert Geschicht", huet d'Justizministesch geäntwert. D'Sam Tanson sot, dat Eent wier de gesetzleche Kader an dat hätt ee relativ séier gemaach. Par konter géing et och dee ganzen institutionelle Volet ginn an do géingen nach vill Gespréicher ustoen. Dobäi kéimen nach Associatiounen, déi „vir bäi an hanne widder" an aktuell nach net konventionéiert sinn, sou d'Sam Tanson. Am Kader vun der Reform géing een awer Konventioune mat deenen ënnerschreiwen.

Bei der Reform wéilt ee fort vum aktuelle Konzept, wou ee Mënsch vun all Recht op kee Recht geet. Et géing eng méi nuancéiert Approche kommen, e bëssen ewéi an der Belsch.

Och ewéi am Ausland ass d'Justizministesch favorabel, fir ee „mandat futur" anzeféieren. Dat erméiglecht Leit, ier se Schwieregkeete kréien, eng Persoun kënnen ze designéieren, déi, wann et inevitabel gëtt, soll kënnen d'Tutelle iwwerhuelen.