Sessellift VeianenAarbechter fält eng 10 Meter an d'Déift

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie géint 8.40 Auer ass bei Entretiensaarbechten um Sessellift en Aarbechter mat enger Gondel eng 10 Meter an d'Déift gefall.
Aarbechtsaccident zu Veianen
E Freideg de Moie géint 8.40 Auer ass bei Entretiensaarbechten um Sessellift en Aarbechter mat enger Gondel eng 10 Meter an d’Déift gefall.

D’Gondel mat 2 Sëtzplazen hat sech geléist an ass ongebremst bis bei den nächste Potto gerutscht, wou se dunn aus dem Seel gesprongen an erofgefall ass. D’Gondel ass op der Terrass vun engem Privathaus gelant.

An enger éischter Meldung hat et geheescht, den Aarbechter wier schwéier blesséiert ginn. Kuerz no 12 Auer koum awer d’Entwarnung, dass d’Blessuren net sou schlëmm ware wéi gefaart.

Wéinst dësem Accident war d’Rue du Vieux Marché eng Zäit laang gespaart, ass kuerz virun 10 Auer awer nees opgaangen.

De Parquet an d’ITM goufen informéiert.

PDF: Pressecommuniqué vun der Gemeng Veianen (19.3.21)

Back to Top
CIM LOGO