Een Drëttel vum Brennstoff wär ausgetosch ginn, heescht et am Schreiwes.

De CGDIS deelt mat, dass hënt d'Produktiounsunitéit Nummer 1 am Atomkraaftwierk zu Kettenuewe gestoppt ginn ass, ewéi programméiert. Rieds ass vun engem Arrêt fir Maintenance-Aarbechten ze maachen.

Een Drëttel vum Brennstoff wär ausgetosch ginn. Et wären och Kontrolle gemaach ginn. Och déi drëtt Unitéit ass den Ament net a Betrib wéinst der 3. Visitt déi all 10 Joer gemaach muss ginn.