"D'Corona-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer musse wëssenschaftlech opgeschafft ginn."

Dat fuerdert de Virologie-Expert aus dem Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut, de Professer Claude Muller - wéi en am RTL-Interview seet.

A sengen Aen wier dat eng Aarbecht, déi duebel wichteg wier. Fir d'Wëssenschaft wier et intressant ze wëssen, zu wéi engem Zäitpunkt no der Impfung déi positiv Fäll opgetruede sinn. Dat géif et nämlech erlaben, ze verstoen, zu wéi engem Ament, wéi ee Schutz antrëtt.

Fir d'Strukture selwer géif esou eng Analys awer och wichteg Äntwerten op eng Rei Froe liwweren. Zum Beispill vu wéini un d'Leit geschützt sinn, wéi eng Interaktioune kënnen zougelooss a wéi d'Visitte kënnen organiséiert ginn. Dat wier nach vill méi wichteg, wéi dee wëssenschaftlechen Deel.

"Nodeems et Coronafäll an Alters- a Fleegeheemer gouf, goufen d'Impfungen do wéi et schéngt gestoppt an dat ass net ze verstoen", ënnersträicht de Professer Muller. Dofir géif et kee Grond ginn, ganz am Contraire.

"Onprofessionell" fënnt den Expert an der Virologie et, datt d'Haiser net wëssen, wie vum Personal geimpft ass a wien net. E geschaten Taux vu 60 Prozent an de Servior-Haiser nennt hie katastrophal, den Taux vun 2/3 am Gesondheetssecteur "inakzeptabel".

Analyse vu Clusteren - De Reportage vum Dany Rasqué