Reegelrecht Explosioun u Plaintë ronderëm de Findel

© RTL Archiv
De François Bausch äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.
Et gëtt eng reegelrecht Explosioun vu Plaintë wéinst dem Kaméidi vu Fligere ronderëm de Findel.
Op d'mannst, wann een d'Chiffere gesäit, déi d'Administration de la navigation aérienne liwwert: Zejoert koumen 1.056 esou Reklamatiounen eran an déi éischt 3 Méint vun dësem Joer ewell 218.
Am Verglach: D'ganzt Joer 2019 goufen et nëmmen 23 esou Kaméidi-Plaintë vun Awunner ronderëm de Findel.
De Mobilitéitsminister Bausch féiert dës exzessiv héich Zuel vu Plainten drop zréck, datt eng nei Associatioun vun Awunner an den Nopeschgemenge vum Fluchhafe systematesch all Fliger mellt, bei deem een dervun ausgeet, datt d’Turbinnen ze vill Kaméidi maachen.
Dës Plaintë géifen awer net gezwongenermoossen och de reellen Depassementer vun den Aviatiouns-Kaméidi-Limitatioun entspriechen.
No kenger vun de bal 1.500 Plaintë gouf iwwerdeems eng Sanktioun géint Airlines geholl, well et dem grénge Minister no duerfir keng legal Basis gëtt.
De François Bausch gëtt dës Prezisiounen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.