Onerwaart op fräiem Fouss: D'Justizministesch reagéiert
D'Justizministesch Sam Tanson betount, dës onvirbereet Entloossung wier keen Normalfall.
De Jérôme Metzger war aus alle Wolleke gefall, wéi hien den 11. Februar am Nomëtteg matgedeelt krut, seng Fräiheetsstrof wier lo ofgesiess, hie misst de Prisong stënterlech verloossen. Eigentlech hätt de Mann drop gewaart, fir dënschdes an den hallef oppene Strofvollzuch op Giwenech ze goen a sech op d'Liewen dobausse virbereeden. Esou de Mann, dee vun engem Moment op dem aneren op Strooss war.
Op eemol fräi... a verluer: Prisonéier kënnt onerwaart aus dem Prisong
D'Justizministesch Sam Tanson betount, dës onvirbereet Entloossung wier keen Normalfall. Ausserdeem wier de Mann virun enger Zäit schonn zu Giwenech gewiescht. Hien hätt sech do awer net un d'Reegele gehalen a wier dowéinst nees zréck op Schraasseg geschéckt ginn.
Projet volontaire de Reinsertion
An der Prisongsreform vun 2018 wier e groussen Accent op d’Reinsertioun geluecht ginn, betount d’Justizministesch. Mat Hëllef vum Plan volontaire de réinsertion sollen d'Detenuen op d’Liewen no der Fräiheetsstrof virbereet ginn. Vun der Verhaftung bis zur Entloossung hätt een e Recht op dëse Suivi an eng Virbereedung op d'Liewen duerno.
"Dat ass natierlech op volontairer Basis, do muss ee wëlle matmaachen”, ënnersträicht d'Sam Tanson.
Déi meescht Prisonéier ginn op Bewärung fräigelooss. Wat an der Reegel viraussetzt, datt si eng Plaz hunn fir ze wunnen.
30 Persounen ouni Wunnsëtz entlooss
Zanter Juni 2020 goufen awer och 30 Persounen aus dem Schraasseger Prisong entlooss, déi dee Moment kee Wunnsëtz haten. Deelt d'Justice op Nofro mat. 11 dovunner waren illegal zu Lëtzebuerg a kruten den Uerder d'Land ze verloossen. Déi aner hätten all Kontakt mam Scas an/oder mam Service Psycho-Socio-Educatif vun der Prisongsverwaltung gehat. Ma si hätten d'Iwwernuechtungsofferen, déi se gemaach kritt hätten, net acceptéiert.
Solutiounen?
Detenuen vu Giwenech hunn d'Méiglechkeet no hirer Fräiheetsstrof nach eng Rei Deeg do ze bleiwen, fir hiert Liewen dobaussen ze organiséieren. Zu Schraasseg ass dat awer net méiglech.
D'Justizministesch seet awer, et wier geplangt de Schraasseger Ex-Detenuen deemnächst och d'Méiglechkeet ze ginn, no hirer Strof nach fir eng Iwwergangszäit op Giwenech ze goen.
Ausserdeem wier een och am Gaang zesumme mam Familljeministère um Projet vun den Transitiounswunnengen ze schaffen, wou Ex-Detenuen zäitweileg ënnerkommen an ënnerstëtzt ginn, fir am Liewen dobaussen nees Fouss ze faassen.