TourismusFoto-Point mam Numm "#schengenisalive"

RTL Lëtzebuerg
Zu Schengen gouf eng nei Touristenattraktioun ageweit.
Schengen is Alive
Zu Schengen gouf eng nei Touristenattraktioun ageweit.

D’Zil ass, d’Schengener Ofkommes nach besser ze promouvéieren an den europäesche Projet weiderhin ze stäerken.

Donieft, wëll ee mat där neier Attraktioun méi Touristen an d’Wënzerduerf unzéien.

Viru 36 Joer gouf d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwen.

2020 hunn d’Grenzkontrollen an d’Zoumaache vu Grenzen am Schengen-System als scheinbar Léisung missten hierhalen géint d’Corona-Pandemie. Dës waren eng Belaaschtung fir d’Grenzpendler.

Schengen setzt och weiderhin op den Europamusée. D’Dauerausstellung iwwert den europäeschen Eenegungsprozess kann all Dag besicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO