Eurozon: Aarmutsrisiko fir schaffend Leit ass am Grand-Duché am Héchsten
De gréissten Deel vun der finanzieller Laascht geet dobäi op de Logement zeréck.
D‘Inegalitéit zu Lëtzebuerg geet weider an d’Luucht. Laang hätt een ënnert der EU-Moyenne geleeën, lo léich een awer zanter e puer Joer driwwer, seet de Félix Martins de Brito, deen e Mëttwoch de Mueren de Panorama Social vun der Chambre des Salariés präsentéiert huet. Am EU-Schnëtt wier souguer eng liicht Baisse festzestellen. Net esou zu Lëtzebuerg. D’Kafkraaft vun de Menagë mat engem héije Salaire wier zanter 2010 ëm 9 Prozent an d’Luucht gaangen, wougéint déi vun de Menagë mat niddregem Akommes nëmmen ëm 5 Prozent geklomme wier.
Den Aarmutsrisiko läit den Ament heizuland mat 17 Prozent sou héich, wéi nach ni. Besonnesch betraff si monoparental Familljen. Hei ass eng däitlech Hausse zanter 2005 festzestellen. De Risk läit bei 41,4 Prozent. Domat weist Lëtzebuerg deen drëtt schlechtste Wäert an der EU-Zone op. Aus de Statistike liest sech och eraus, datt Famillje mat Kanner méi dacks vun Aarmut betraff sinn, wéi déi ouni.
Den Aarmutsrisiko vu Leit, déi schaffen, ass deen héchsten an der Eurozon. Grënn dofir sinn de Mindestloun, deen net héich genuch wier, datt de Salarié net géing riskéieren, an d’Aarmut ze rëtschen.
De Groussdeel vun der finanzieller Laascht vun de Menage geet op de Logement zréck. Och hei sinn net iwwerraschend aarm Haushälter méi betraff, wéi déi aner. Menagë mat engem klenge Revenu zu 56,6 Prozent betraff, méi räicher zu 30,5. Déi Menagen, déi lounen, mussen en Moyenne een Drëttel vun hirem disponibelen Akommes fir hire Loyer opbréngen. Béi Menage mat manner Revenu ass et souguer d’Hallschent. Domat ass Lëtzebuerg mat Spuenien d’Schlussliicht an der Eurozon.
An den Offices Sociaux ass d’Zomm vun den net remboursablen Hëllefe liicht erofgaangen, bei den Aides Alimentaires gëtt et trotzdeem e Plus vun 12 Prozent. Grond heivu kéint awer sinn, datt d’Offices Sociaux wärend der Pandemie fir eng Zäit zou waren, sou de Conseiller de Direction Félix Martins de Brito.
Bei der Entwécklung vun der Aarbechtslosegkeet gouf festgehalen, datt de Chômagetaux bei 7 Prozent läit. Datt d’Situatioun net grad esou schlëmm ass, wéi wärend der Finanzkris, wier de Mesuren ze verdanken. Chômage hätt dacks duerch de Chômage partiell kënne verhënnert ginn.
Lëtzebuerg a Malta sinn iwwerdeems déi eenzeg EU Länner, wou 2020 d’Unzuel vun Aarbechtsplazen, der Situatioun entspriechend, gutt geklomme wier. D’Wuelbefannen an d’Satisfaktioun op der Aarbecht sinn awer erof gaangen zënter 2014. 2020 souguer nach eng kéier e gutt Stéck.