An der Nuecht goufen et ganz schlëmm Akte vu Vandalismus um Kierfecht zu Uewerkuer. Dat huet d'Gemeng Déifferdeng um Donneschdeg de Moie matgedeelt.

Am Ganze sinn 100 Griewer beschiedegt ginn, erkläert den Roland Flenghi, Responsabele vum Biergeramt vun der Gemeng Déifferdeng.

Roland Flenghi:"Mir sinn de Moien informéiert ginn, dass Vandalismus um Kierfecht war. Du sinn mer kucke gaangen an hu festgestallt, dass eng 100 Griewer beschiedegt goufen. Dat heescht do sinn Blummen, Vasen an och esou Engelcher ëmgeheit ginn op 100 verschiddene Griewer. Et sinn 6 Griewer, do ass de Schued duerch dat Ëmgeheie méi grouss. Do sinn Téitschen an de Griewer gewiescht, dat heescht do hunn mer och elo Fotoe gemaach an dat opgeholl. Souwuel um alen, wéi och um neien Deel vum Kierfecht goufen dës Schied festgestallt. D'Police ass och kontaktéiert ginn an och d'Spueresécherung. An dofir wollte mir och een Appell maachen, wann een eppes gesinn huet, soll ee sech un d'Police Judiciaire wenden, respektiv och d'Leit, wa se Schued un engem Graf hunn, sech bei eis am Etat civil mellen, dann huelen mer dat och op an ginn dat weider un d'Police."

De Roland Flenghi vun der Gemeng Déifferdeng

Am Communiqué schwätzt d'Gemeng Déifferdeng och vun "gestes d'une stupidité innommable". Ee Kierfecht wier eng Plaz fir d'Memoire un déi Verstuerwen z'honoréieren an dee futti ze maachen wier "un acte de la pire espèce que tous les citoyens se doivent de combattre".

D'Gemeng Déifferdeng an d'Police hunn en Zeienopruff lancéiert. Wann een eppes gesinn huet, soll e sech direkt bei der Police mellen, entweder via Telefon (+352) 244-531000 oder via E-Mail: police.differdange@police.etat.lu.

Déi concernéiert Famillje gi vun der Gemeng kontaktéiert.

An der Geschicht vun der Gemeng hätt een nach ni mat sou engem grave Fall vu Vandalismus ze di gehat, heescht et vum Porte-Parole vun der Déifferdenger Gemeng.