
Aktuell sinn 112 Persounen hospitaliséiert, dovunner 34 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.087 aktiv Infektiounen. 61.936 Persoune gëllen als geheelt.
2.829 Mënsche kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 487 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 170.038 Dosisse gesprëtzt
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.