Spektakulär Decouverte zu IechternachCNRA fënnt Vestigen aus der Zäit vum Willibrord

Monique Kater
RTL-Informatiounen no huet de Centre National de recherche archéologique hannert der "Petite Marquise" Vestigen aus dem 7. Joerhonnert no Christus fonnt.
© RTL-Archiv

Also aus der Zäit vum Hellege Willibrord. Et si Spueren an Ofdréck vu Fondatiounen, grad ewéi e Gruef, deen dat Ganzt geséchert huet.

Donieft goufen Zeien aus der fréiromanescher Zäit fonnt. Deemools war de Grof Siegfried Laienabt vum Iechternacher Klouschter. Et handelt sech hei ëm e Gebai an eng stenge Mauer, déi ronderëm opgeriicht gi war an deemno wuel ëm den Iechternacher Klouschterhaff.

De Site gouf am 15. Joerhonnert duerch e Feier zerstéiert, mä wéinst dëser Schicht ass quasi näischt un déi al Strukture komm. D’Archeologen hunn ënnert anerem Mënzen an e gëllene Rank fonnt.

Eisen Informatioune no gëtt d’Denkmalschutzkommissioun (Cosimo) mam Dossier “Petite Marquise” befaasst, de Site kéint deemno als Patrimoine National klasséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO