Geschwat gi soll iwwert en eventuelle Klassement vun deem Site, wou rezent déi historesch Decouverte aus dem 7. Joerhonnert gemaach gouf.

Dat huet de Gemengerot um Méindeg esou festgehalen.

Opreegung zu Iechternach - Reportage vum Dany Rasqué

D'Kulturministesch Sam Tanson hat der Gemeng d'lescht Woch an engem Bréif matgedeelt, datt si driwwer nodenkt, déi Plaz, wou d'Iwwerreschter vum Hëllegem Willibrord sengem Klouschtergaart fonnt goufen, eventuell ënnert nationalen Denkmalschutz ze stellen.

Ugefaange beim CSV-Buergermeeschter Yves Wengler, dee ganz däitlech seet, datt hie selwer géif am Léifste géif un deem Projet festhalen, deen elo geplangt ass.

Géif heeschen, de Bagger kënnt, dat historescht Gemaier op der Maartplaz hannert dem fréieren Hotel "la petite marquise" verschwënnt an an d'Plaz kënnt en ënnerierdesche Parking, eng Surface commerciale mat Restaurant a Wunnengen.

Sou einfach geet dat awer elo net.

D'Kulturministesch Sam Tanson huet d'lescht Woch den Avis vum Gemengerot gefrot an dat ass och wéi et schéngt net sou einfach. Elo bréicht ee mol Fakten heescht et vum Buergermeeschter.

"Mir kënnen à ce stade do keng Äntwert ginn, well d'Klassement dat ass dat Eent, mä wat geschitt nom Klassement, dat ass dat Anert. Dat ass alles nach net gekläert. Ech hat wuel eng Reunioun mat der Madamm Tanson, den éischten Abrëll, wou mer verschidde Saache geschwat hunn. An deem Bréif, dee mer elo kruten virun enger Woch, do stoung awer guer näischt dovunner dran. Ech mengen, dat do sinn alles Saachen, déi musse gekläert sinn a wann een alleguer déi dote Saachen um Dësch huet, da kann de Gemengerot "en bonne et due forme" deen dote Vott huelen."

D'Kulturministesch Sam Tanson gëtt dem Gemengerot dräi Méint Zäit.
Hir Parteikolleegin, déi Gréng Conseillère Carole Zeimetz, ënnersträicht, datt een d'Decisioun iwwert en nationale Klassement mat deem néidege Seriö muss ugoen. Et géife vill Suen um Projet hänken, deen aktuell geplangt ass, d'Gemeng huet schonn iwwer 5 Milliounen Euro investéiert, mä si ass sech awer och der Responsabilitéit bewosst déi ee vis-à-vis vun deem historeschen Ierwen bewosst.

"Ganz dacks gëtt gesot "never ending story", mä vläicht ass et en Happy end, fir do elo eppes kënnen op där Maartplaz ze bauen, wann da gebaut gëtt. Ech kéint mer och ganz gutt virstellen, datt mer kéinten e schéine Musée kréien, deen eis aner Muséeën komplettéiert an dass mer dann deen Ament e Ganzt ginn. Ech wëll net soen, datt mer dat elo net sinn, mä et kënnt nach eppes dobäi an dat musse mer würdegen. "

Déi Liberal Carole Hartmann huet Versteesdemech fir d'Positioun vum Buergermeeschter, schwätzt och vum finanziellen Aspekt, fënnt awer anengems, datt ee misst houfreg sinn, op déi Decouverte, déi gemaach gouf.

"Mir sinn als déi eelste Stad aus dem Land, hu mir schonn en immense Patrimoine an eise Patrimoine ass elo am Fong nach méi räich ginn. Doriwwer sollte mer frou sinn an ech denken och net, dass et ubruecht ass, fir sech géint e Klassement ze striewen. Ech mengen, datt et wichteg ass, datt een zesummen mat all den Acteuren, dass ee kuckt fir zesummen dee Projet unzegoen."

Fir d'Carole Hartmann läit et op der Hand, datt an dësem Fall och net just de Kulturministère, mä och dee vum Tourismus gefuerdert ass, well och dee Secteur, kéint vun den Iwwerreschter vum Hëllege Willibrord sengem Klouschtergaart profitéieren.