2.436 US-Amerikaner goufen zanter 2009, opgrond vum Recouvrement Artikel 89, Lëtzebuerger.

Verschiddener wëllen op Lëtzebuerg plënneren, ma dat schéngt net esou einfach. Et muss een net onbedéngt hei wunnen, fir Lëtzebuerger ze ginn. D'Nationalitéit kann ee beispillsweis och kréien, wann een e Virfar an direkter Linn huet, deen den 1. Januar 1900 Lëtzebuerger war. Dës Méiglechkeet vum sougenannte Recouvrement leeft zwar geschwënn aus, ma zanter 2009 si méi wéi 30.000 Persounen op der Welt iwwer dëse Wee Lëtzebuerger ginn. Dorënner 2.436 US-Amerikaner. Verschiddener vun hinnen denke souguer driwwer no, an de Grand-Duché wunnen ze kommen.

D’Kelsey vu Minneapolis zum Beispill. 36 Joer jonk, bestuet an 2 kleng Kanner. Oder den Erick vu St. Paul, och aus dem Minnesota, engem amerikanesche Staat, wou sech vill Lëtzebuerger am 19. Joerhonnert néiergelooss hunn.

"Ech hu keng direkt Pläng, mee ech wär immens frou, eng Kéier dohinner ze plënneren. Ech sinn Ingenieur am Génie civil, schaffe gär mat Zich, Infrastrukturen an am Bau. Ech wär frou, wann ech kéint zu Lëtzebuerg an dësem Beräich schaffen. An noer Zukunft oder e bësse méi spéit am Liewen.", esou den Erick Schauer.

D’Kelsey ass Enn 2019 Lëtzebuergerin ginn. Si hätt sech nach ëmmer zu hiren europäeschen Originnen higezu gefillt. Ausserdeem kéinten hir Kanner zu Lëtzebuerg vill Sprooche léieren. Duerch d’Pandemie awer gouf d’Iddi, fir e puer Joer op Lëtzebuerg ze plënneren, op Äis geluecht.

Den Daniel Atz iwwerdeems lieft zanter kuerzem am Grand-Duché. Iwwer seng Urgroussmamm ass hie Lëtzebuerger ginn, huet deemno elo déi duebel Nationalitéit. Nawell wier et als Independant net evident, fir sech hei néierzeloossen. Dat léich um amerikanesche FATCA-Gesetz, dat et amerikanesche Staatsbierger ganz schwéier géif maachen, e Bankkonto am Ausland opzemaachen. Hei zu Lëtzebuerg géifen d’Banken dat ganz besonnesch eescht huelen.

D’Politik misst hei no Léisunge sichen, seet de Mann, deen 2016 e Service opgemaach huet, fir Leit ze hëllefen, d’Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen. Lescht Joer huet hie vill Demandë vun US-Bierger kritt. A bei enger Ëmfro hätten eng 20% vun dëse Persounen uginn, och eng Kéier an de Grand-Duché wëlle wunnen ze kommen.

"Fir zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze lounen, muss een e Bankkonto hunn. Fir e Bankkonto opzemaachen, bräicht een awer eng Wunneng mat engem Certificat de résidence. Wéi solle mer dat maachen? Mir si Lëtzebuerger, mir hunn d’Nationalitéit an et gi Leit, déi heihinner wëlle wunne kommen.", esou den Daniel Atz.

Dës Suerge si fir den Erick Schauer nach méi wäit ewech. Fir d’Nationalitéit iwwerhaapt emol ze kréien, plangt hien, bis Enn dës Joers mat senger Fra an de Grand-Duché ze kommen. Lëtzebuerger ginn, hätt fir hien och eng sentimental Dimensioun.

"Mäi Grousspapp war en Held fir mech als Kand. Hien huet am 2. Weltkrich gekämpft a gouf an der Ardennenoffensiv blesséiert."

Bei enger Visitt vum amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm viru 5 Joer hätt hien eng staark Verbonnenheet mat senge Virfare gespuert, esou den Erick.

D’Kelsey iwwerdeems fillt sech den Ament duerch déi sanitär Ëmstänn méi verwuerzelt bei hirer Famill doheem am Minnesota. De Plang, fir op Lëtzebuerg wunnen ze kommen, wär awer just verluecht.

Dem Justizministère no sinn aktuell nach 2.200 Amerikaner "en attente", fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer de Recouvrement-Artikel 89 ze kréien.