Wann eng Uni verlaangt, datt ageschriwwe Lëtzebuerger Studente musse geimpft sinn, da kënnen dës Jonker vun der Impfung profitéieren.

Och wann et u sech nach net hiren Tour ass. Fir geimpft ze ginn, mussen d'Studenten, bei deenen d'Uni esou eng obligatoresch Vaccinatioun reklamméiert, hir Matricule matdeelen an eng formell Preuve, datt d'Uni dës Konditioun stellt.

Vill Unie fänke jo ewell am August un, sou datt entspriechend Studente sech fir dës Impf-Méiglechkeet kënne mellen an dann eng Invitatioun kréien.

Dës Léisung fir d'Studenten, déi an d'Ausland ginn a musse geimpft ginn, gouf zesumme mat de Ministèrë vun der Santé, dem Enseignement Supérieure an der ACEL fonnt.

Dat schreift d'Santésministesch Paulette Lenert op eng entspriechend urgent parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierten Bernard an Lorschée.