INL - Popularitéit vu Lëtzebuergeschcoursë klëmmt
An de leschte 5 Joer ass d’Demande fir Lëtzebuergeschcoursë beim Institut National des Langues ëm 80% an d’Luucht geschoss.
All Woch schaalt déi lëtzebuergesch Sprooch duerch dem Jimy seng Stuff. Zanter 8 Méint schafft de franséische Frontalier als Infirmier zu Kielen an engem Altersheem an zanterhier léiert hien eis Sprooch. Eemol d’Woch hëlt hien un engem Cours deel, deen am Kader vun engem Transfrontaliers-Programm vun der Euregio organiséiert gëtt. Hien ass iwwerzeegt dovun, dass dës Coursen him seng Aarbecht als Infirmier däitlech vereinfachen, virun allem wat den Ëmgang mat der eelerer Lëtzebuerger Clientèle ugeet. Ma net just Frontaliere wëlle Lëtzebuergesch léieren. Och ëmmer méi Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, interesséiere sech fir eis Sprooch. Sou och d’Maria-Grazia. D’Italienerin wunnt zanter 2010 am Grand-Duché an hëlt zanter annerhallwem Joer Lëtzebuergeschcoursen. Viru kuerzem huet si hire Sproochentest fir d’Demande vun der Lëtzebuerger Nationalitéit gemaach. Am Institut National des Langues besicht d’Maria-Grazia mëttlerweil 4 Lëtzebuergeschcoursen d’Woch.
Bal 6.200 Persoune besichen den Ament Lëtzebuergeschcoursen am INL. Eis Sprooch schéngt ëmmer méi beléift ze ginn: Déi lescht 5 Joer ass d’Demande no Lëtzebuergeschcoursen ëm 80% geklommen. D’Zuel vun den Enseignantë gouf an dësem Departement vum INL vun 33 op 53 erhéicht.