Wéinst dem Shutdown, deen an den USA nach ëmmer leeft, huet den Donald Trump annoncéiert, datt hie Regierungsbeamten entloosse wäert.

Et wier ee grad amgaangen, Leit definitiv z'entloossen, esou den Trump viru Journalisten. "Dat ass alles wéinst den Demokraten. D'Demokrate suergen dofir, datt vill Aarbechtsplaze verluer ginn", esou de Republikaner mam Bléck op d'Oppositioun am Kongress. Dono huet hien d'Thema gewiesselt, ouni op Detailer zu den Entloossungen anzegoen.

Wéinst dem Shutdown an den USA sinn aktuell eng 750.000 Beamte vum Staat an den Zwangscongé geschéckt ginn. Si kréien nämlech wärend dëser Zäit keng Pai. Ausname si Beräicher vun der Grondversuergung, wéi d'Fluchsécherheet, d'Police, de Grenzschutz oder d'Noutversuergung an de Spideeler. Den Donald Trump hat vun Ufank un annoncéiert, datt et wéinst der Budgetsspär zu Massenentloossunge komme wäert.

De Shutdown war jo de leschte Mëttwoch a Kraaft getrueden, nodeem sech d'US-Parlament e Méindeg net op en Iwwergangsbudget eenege konnt. Zanterhier gouf et keng Gespréicher méi tëscht dem Trump senge Republikaner an den Demokraten, wéi et vun engem héichrangege Vertrieder heescht. D'Oppositioun wëll an der Fro vun der staatlecher Hëllef fir d'Krankekeesen fir Bierger mat klengem Akommes, déi sougenannt Obamacare, net noginn.

Den John Thume, Chef vun de Republikaner am Senat, huet géintiwwer Fox News gesot, datt d'Verhandlungen ëm de Budget weider "an enger Sakgaass" stiechen an déi schaffend Populatioun dofir de Präis bezilt. Hannert de Kulissen ginn d'Gespréicher iwwer eng méiglech Verlängerung vun der staatlecher Fërderung vum Obamacare awer weider. Op d'Fro, wéi laang de Shutdown nach dauere kéint, huet den Thune just "esoulaang d'Demokraten et wëllen" geäntwert.

Et ass den éischte Shutdown zanter dem Joreswiessel 2018/2019, wärend deem den Trump déi éischte Kéier President war. Deemools hat d'Budgetsspär 35 Deeg gedauert. Esou laang wéi nach ni an der Geschicht vun den USA. Schätzunge vun den Autoritéiten, déi fir de Budget zoustänneg sinn, no hat de Shutdown deemools fir e wirtschaftleche Schued vu ronn 9,4 Milliarden Euro gesuergt.